arrow_back_ios

Time Flies

1970

Lauschteren play_arrow
headphones

58 min

En neit Joerzéngt ass ëmmer gläichzäiteg de Moment mat eppes ofzeschléissen, mee natierlech och fir en Neiufank. Mee wärend d'Beatles definitiv hire Solo-Wee ginn (net just si - siehe de Paul an den Art) an zu Lëtzebuerg d'TVA ageféiert gëtt, schläiche sech an der Musek progressiv Dynamiken an. An dat zimmlech Genre-iwwergräifend. Et gëtt haart a lues, schéin a knaschteg - d'Musek huet dat neit Joerzéngt mat oppenen Äerm wëllkomm geheescht.


Playlist:

1. Chicago - 25 or 6 to 4 (op Chicago; Columbia; 1970)

2. The Beatles - Get Back (op Let It Be; Apple Records; 1970)

3. Simon & Garfunkel - The Only Living Boy in New York (op Bridge Over Troubled Water; Columbia; 1970)

4. Black Sabbath - Planet Caravan (op Paranoid; Vertigo; 1970)

5. Vashti Bunyan - Rose Hip November (op Just Another Diamond Day; Philips; 1970)

6. Linda Perhacs - Paper Mountain Man (op Parallelograms; Kapp Records; 1970)

7. Amon Düül II - She Came Through the Chimney (op Yeti; Liberty; 1970)

8. Rare Bird - Sympathy (op Rare Bird; Charisma; 1969)

9. Minnie Riperton - Oh, By The Way (op Come to My Garden; GRT; 1970)

10. Minnie Riperton - Les Fleurs (op Come to My Garden; GRT; 1970)

11. Magma - Schxyss (op Magma; Philips; 1970)

12. Curtis Mayfield - Wild and Free (op Curtis; Curtom; 1970)

13. Frank Sinatra - Watertown (op Watertown; Reprise Records; 1970)

14. Carpenters - We've Only Just Begun (op Close To You; A&M Records; 1970)

Episoden

1975. D'B-Säiten

Mir leeën haut net d'B-Säiten, mee d'Love-Säite vum musikalesche Joer 1975 op.
headphones

60 min

play_arrow

1974, D'B-Säiten

Eng Italieenerin bréngt den Drama, Afroamerikanerinne bréngen eis Franséisch bäi an de Gil Scott-Heron bréngt d'Wouerecht zum Theema Alkohol.
headphones

60 min

play_arrow

1973, D'B-Säiten

Vun amerikaneschem Softrock bis zu engem Stopp a Japan; e magescht musikalescht Joer
headphones

60 min

play_arrow

1972, D'B-Säiten

15 Stécker aus dem onendlech staarke Museksjoer 1972
headphones

60 min

play_arrow

1971 - D'B-Säiten

Vum Roger Daltrey bei d'Joy Fleming an aus dem Burundi bis op Memphis. Buckle up.
headphones

60 min

play_arrow

1970, D'B-Säiten

15 Stécker stinn um Menu bei der zweeter Time Flies-Emmissioun iwwer d'Joer 1970.
headphones

60 min

play_arrow

1969, D'B-Säiten

Wat déi zwielef Méint vum Joer 1969 musikalesch esou alles lass war, steet am Mëttelpunkt vun der Zäitrees duerch d'Pop- a Rockgeschicht.
headphones

60 min

play_arrow

1968 - D'B-Säiten

Vun Hippien a québécois, italieeneschem Spaghetti-Western-Sound, dee Joerzéngte méi spéit verréckt mécht an engem good fella, deen als jonke Mann drop lass geschmaacht huet.
headphones

60 min

play_arrow

1967 - D'B-Säiten

Gënnt Iech eng musikalesch Zäitrees tëschent dem Gefeiers a kommt mat an déi zweet Hallschent vun den 1960er.
headphones

61 min

play_arrow

1966 - D'B-Säiten

Mëtt de 60er schéngt d'Musek net ze stoppe gewiescht ze sinn. D'Konzept vun de B-Säite gëtt mat Vue op all déi Bangers an der Emissioun verspillt a Fro gestallt.
headphones

60 min

play_arrow

1965 - D'B-Säiten

Et gëtt Latin Soul, Blues a kaliforneschen Hippie-Sound aus dem Joer 1965 op d'Oueren.
headphones

60 min

play_arrow

1964, D'B-Säiten

En zweeten, méi komplettéierenden Tour duerch Pop- a Rock freeën. 1964 war net nëmme just d'Joer an d'Zäit vun der British Invasion oder dem Wall of Sound vum Phil Spector.
headphones

60 min

play_arrow

2025

Esou, den Tour wier gemaach. No iwwer engem Joer duerch Zäit-a-musikalesche-Raum-Fléien si mir ukomm. 2025, Terminus. Wgl. erausklammen.
headphones

60 min

play_arrow

2024

Déi franséisch Noperen haten e richtegt wëllt Joer, mee och fir de Rescht bleift esou munch eppes hänken, wat 2024 wat 2024 an der Weltgeschicht esou geschitt ass. A musikalesch?
headphones

60 min

play_arrow

2023

Unhand vun der Musek kuckt et sech besser iwwer d'Joer 2023 wéi iwwer soss ee sozio-ekonomesche Bléckwénkel. Time Flies ass genee esou e musikalesche Réckbléck.
headphones

60 min

play_arrow

2022

E subjektive Réckbléck op e musikalescht Joer, wat net méi wierklech wäit ewech läit.
headphones

60 min

play_arrow

2021

Nom Joer vum ongewollte Stëllstand koum d'Joer, bei deem nees e Wee no vir um Horizont war.
headphones

60 min

play_arrow

2020

Bon, gutt... 2020. Mir wëssen all, wat mir dat Joer gemaach hunn. Net vill.
headphones

60 min

play_arrow

2018

De musekalesche Cru ass dat Joer staark. E Museker mellt sech esouguer aus dem Afterlife, fir posthum mat déi flottste Musek vu senger Karriär ze releasen.
headphones

60 min

play_arrow

2017

Et ass lues schwiereg erauszehiewen, wat zum moderne Kanon gehéiert an hanner wat fir engen hotten Acts sech just e retromaneschen Affekt verstoppt a wien d'Musek produzéiert.
headphones

60 min

play_arrow