arrow_back_ios

Time Flies

2001

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

D'90er hu schonn am November 89 mam Mauerfall ugefaangen a si mam 11. September 2001 wierklech op en Enn gaangen. Et gëtt op alle Fall eng Zäit virun an no den Terroruschléi an den USA. D'Rees duerch déi modern Museksgeschicht léisst sech awer net ganz dovunner beaflossen. Well nieft den No Angels, dem Safri Duo an dem Christina Aguilera - déi Dir all hei net héiere wäert - war d'Musek dat Joer prett fir dat neit Joerhonnert.


Playlist:

1. Radiohead - Packt Like Sardines in a Crushd Tin Box (op Amnesiac; Parlophone; 2001)

2. Röyksopp - Eple (op Melody A.M.; Wall of Sound; 2001)

3. Daft Punk - Veridis Quo (op Discovery; Virgin; 2001)

4. Miss Kittin & The Hacker - Frank Sinatra (op First Album; International Deejay Gigolo Records; 2001)

5. Stereo Total - Liebe zu dritt (op Musique Automatique; Virgin & Bungalow; 2001)

6. Kante - Die Summe der einzelnen Teile (op Zweilicht; Kitty-Yo; 2001)

7. Super Furry Animals - (Drawing) Rings Around The World (op Rings Around The World; Epic; 2001)

8. Super Furry Animals -Juxtapozed With U (op Rings Around The World; Epic; 2001)

9. Solex - Low Kick and Hard Bop (op Low Kick and Hard Bop; Matador; 2001)

10. Langley Schools Music Project - Space Oddity (op Innocence & Despair; Bar/None Records; 2001)

11. The Moldy Peaches - Jorge Regula (op The Moldy Peaches; Rough Trade; 2001)

12. Stars of the Lid - Fac 21 (op The Tired Sounds of Stars of the Lid; Kranky; 2001)

13. cLOUDDEAD - Apt. A (2) (op cLOUDDEAD; Big Dada; 2001)

14. Missy Elliott - Get Ur Freak On (op Miss E... So Addictive; Elektra; 2001)

15. Aaliyah - Try Again (op Aaliyah; Blackground Records & Virgin; 2001)

Episoden

2004, D'B-SÄITEN

Trippy iwwer Hawai op Williamsburg, eleng um Piano an jazzy duerch d'Nuecht.
headphones

60 min

play_arrow

2003, D'B-Säiten

Eng musikalesch Arméi aus op mannst siwen Natioune bei de B-Säite vum Joer 2003.
headphones

60 min

play_arrow

2002, D'B-Säiten

Mir dauchen an d'Post-9-11-Musekswelt, an där och gedanzt duerf ginn.
headphones

60 min

play_arrow

2001, D'B-Säiten

Mir fänken nei un – net bei Null, mee bei Eent; 2001 mat sengem Soundtrack.
headphones

60 min

play_arrow

2000, D'B-Säiten

Mat der Rentrée op déi aner Säit vum musikalesche Millennium
headphones

60 min

play_arrow

1999, D'B-Säiten

Kuerz virun der Rentrée, kuerz virum Millenium - dat sinn déi zwou Timelines, déi déi nächste Stonn kollidéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 4

Vakanz am Ausland, Vakanz doheem, Vakanz op den Oueren – all Vakanz geet emol op en Enn.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 3

The dream of the 90s is not only alive in Portland, mee och bei Time Flies.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 2

Entspaant mat Liichtgeschwindegkeet duerch d'Pop- a Rockgeschicht
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 1

Am August schalt d'Zäitrees duerch d'Popgeschicht e Gank méi héich.
headphones

60 min

play_arrow

1998, D'B-Säiten

Eng zolidd Bäckeschdosen, fir d'Joer 1998 ze komplettéieren.
headphones

60 min

play_arrow

1997, D'B-Säiten

Vu feministesche Country-Pop-Hymnen zum definitiven Techno-Monster – et ass alles dobäi.
headphones

60 min

play_arrow

1996, D'B-Säiten

Däischter a schéin, vu Cowboye bis zu cinematografeschem Drum'n'Bass – 1996 huet et a sech.
headphones

60 min

play_arrow

1995, d'B-Säiten

Mam Mëttelpunkt vum Joerzéngt ass keen einfacht Erauskommen no vir oder no hanne méiglech.
headphones

60 min

play_arrow

1994, D'B-Säiten

D'Joer mam Punkt – op deem ee vum "virum“ an "nom“ Doud vum Kurt Cobain geschwat huet.
headphones

65 min

play_arrow

1993, D’B-Säiten

D'Zäitreess duerch dat fréit Joer vun den 1990er war eent voller oppener Froen.
headphones

60 min

play_arrow

1992, D'B-Säiten

Riffs'n'Rhymes, esou léisst sech de Joergank 1992 ganz gutt resuméieren.
headphones

60 min

play_arrow

1991, D'B-Säiten

De sexiest man alive, Musek aus Äthiopien an Trip Hop – dëst Joer ass nu wierklech alles dobäi bei der Zäitrees duerch Pop a Rock.
headphones

60 min

play_arrow

1990, D'B-SÄITEN

Et ass endlech esouwäit, d'Achtzeger sinn hanner eis a mir heeschen d'Nineties wëllkomm.
headphones

60 min

play_arrow

1988, D'B-Säiten

Ganz iwwerraschend, ongewollt iwwersprongen - et geet an all Richtungen: bei hallef Japaner, an Ägypten, bei eng Kinnigin vun New York a bei déi indigène Awunner vun Australien
headphones

60 min

play_arrow