arrow_back_ios

Time Flies

2013

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Am Joer vu fréizäitegen Departen - de Poopst Ratzinger hat keng Loscht méi op säi Posten an d'CSV-LSAP-Regierung ass duerch d'SREL-Affär zesummegebrach - war et gutt, dat wéinstens op Valeur sûrë vun der Musek ze ziele war. Daft Punk an de Pharrell Williams hate Gléck mat hirem Hit, eng australesch Singer-Songwriterin ass am Gaart zesummegebrach, just fir an der Ambulanz relax, existenziell Gespréicher ze féieren an den Drake hat eng blénkeg Telefons-Hotline. Wat dovunner bei Time Flies thematiséiert gëtt - net alles dat, dofir awer vill soss méi - héiert dir hei an der musikalescher Zäitrees, déi sech exklusiv ëm d'Joer 2013 dréit.


Playlist:

1. Daft Punk - Get Lucky (feat. Pharrell Williams and Nile Rodgers) (op Random Access

Memories; Columbia & Sony Music; 2013)

2. Arcade Fire - Reflektor (op Reflektor; Merge Records & Sonovox Records; 2013)

3. Factory Floor - Two Different Ways (op Factory Floors; DFA; 2013)

4. Omar Souleyman - Ya Yumma (op Wenu Wenu; Ribbon Music; 2013)

5. Kingdom - Bank Head (feat. Kelela) (op Vertical XL; Fade To Mind; 2013)

6. FKA twigs - How's That (op EP2; Young Turks; 2013)

7. Dean Blunt - Flaxen (op The Redeemer; Hippos In Tanks; 2013)

8. King Krule - Easy Easy (op 6 Feet Beneath The Moon; XL Recordings; 2013)

9. King Krule - Baby Blue (op 6 Feet Beneath The Moon; XL Recordings; 2013)

10. Courtney Barnett - Avant Gardener (op The Double EP: A Sea Of Split Peas; Milk!

Records; 2013)

11. Kurt Vile - Wakin On A Pretty Day (op Wakin On A Pretty Daze; Matador; 2013)

12. Kanye West - Black Skinhead (op Yeezus; Def Jam Recordings; 2013)

13. Disclosure - You & Me (feat. Eliza Doolittle) (Flume Remix) (op Single; PMR Records;

2013)

Episoden

2003, D'B-Säiten

Eng musikalesch Arméi aus op mannst siwen Natioune bei de B-Säite vum Joer 2003.
headphones

60 min

play_arrow

2002, D'B-Säiten

Mir dauchen an d'Post-9-11-Musekswelt, an där och gedanzt duerf ginn.
headphones

60 min

play_arrow

2001, D'B-Säiten

Mir fänken nei un – net bei Null, mee bei Eent; 2001 mat sengem Soundtrack.
headphones

60 min

play_arrow

2000, D'B-Säiten

Mat der Rentrée op déi aner Säit vum musikalesche Millennium
headphones

60 min

play_arrow

1999, D'B-Säiten

Kuerz virun der Rentrée, kuerz virum Millenium - dat sinn déi zwou Timelines, déi déi nächste Stonn kollidéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 4

Vakanz am Ausland, Vakanz doheem, Vakanz op den Oueren – all Vakanz geet emol op en Enn.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 3

The dream of the 90s is not only alive in Portland, mee och bei Time Flies.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 2

Entspaant mat Liichtgeschwindegkeet duerch d'Pop- a Rockgeschicht
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 1

Am August schalt d'Zäitrees duerch d'Popgeschicht e Gank méi héich.
headphones

60 min

play_arrow

1998, D'B-Säiten

Eng zolidd Bäckeschdosen, fir d'Joer 1998 ze komplettéieren.
headphones

60 min

play_arrow

1997, D'B-Säiten

Vu feministesche Country-Pop-Hymnen zum definitiven Techno-Monster – et ass alles dobäi.
headphones

60 min

play_arrow

1996, D'B-Säiten

Däischter a schéin, vu Cowboye bis zu cinematografeschem Drum'n'Bass – 1996 huet et a sech.
headphones

60 min

play_arrow

1995, d'B-Säiten

Mam Mëttelpunkt vum Joerzéngt ass keen einfacht Erauskommen no vir oder no hanne méiglech.
headphones

60 min

play_arrow

1994, D'B-Säiten

D'Joer mam Punkt – op deem ee vum "virum“ an "nom“ Doud vum Kurt Cobain geschwat huet.
headphones

65 min

play_arrow

1993, D’B-Säiten

D'Zäitreess duerch dat fréit Joer vun den 1990er war eent voller oppener Froen.
headphones

60 min

play_arrow

1992, D'B-Säiten

Riffs'n'Rhymes, esou léisst sech de Joergank 1992 ganz gutt resuméieren.
headphones

60 min

play_arrow

1991, D'B-Säiten

De sexiest man alive, Musek aus Äthiopien an Trip Hop – dëst Joer ass nu wierklech alles dobäi bei der Zäitrees duerch Pop a Rock.
headphones

60 min

play_arrow

1990, D'B-SÄITEN

Et ass endlech esouwäit, d'Achtzeger sinn hanner eis a mir heeschen d'Nineties wëllkomm.
headphones

60 min

play_arrow

1988, D'B-Säiten

Ganz iwwerraschend, ongewollt iwwersprongen - et geet an all Richtungen: bei hallef Japaner, an Ägypten, bei eng Kinnigin vun New York a bei déi indigène Awunner vun Australien
headphones

60 min

play_arrow

1989, D'B-Säiten

Eng lescht Stonn an den 1980er, déi ë.a. mam Bake vu Brout an Zuchfuere verbruecht gëtt. Jo, et gëtt Zäit, an en neit Joerzéngt ze rutschen.
headphones

60 min

play_arrow