De Weekend iwwer dréint sech an de Rotonden alles ëm d'Spillen. Am Kader vum Game On ginn et vu Gesellschaftsspiller bis Videospiller villes z'entdecken a selwer auszeprobéieren.
An dem Kader ginn et och e Pub Quiz, en Escape Room an historesch Spiller ugebueden. Oder nach Eutopia, en Theaterstéck, bei deem een d'Geschicht och selwer matbestëmme kann.