Theaterstéck vum Tulio Forgiarini gëtt dës Woch fënnef Mol am Théâtre du Centaure gewisen. Et geet hei ëm de Jason, deen an engemschwieregen Ëmfeld opwiisst - de Papp ass Alkoholiker, d’Mamm an d’Schwëster sinn net do. Eleng gelooss a frustréiert, gëtt Gewalt säin eenzegen Auswee.
arrow_back_ios
Wat leeft
Vandalium
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
So So Summer
Eng Afterwork-Serie vum CNA, bei där et all Donneschdeg Musek gëtt an eng Ausstellung ass op der Plaz ze entdecken.
City Open Air Cinema - Bouneweg
Vum 6. bis den 8. August weist d'Cinemathéik e puer Filmklassiker um Open Air zu Bouneweg, op der Place Léon XIII.
Naturparkfest
Den 2. August ginn zu Parc Housen d’Theemeberäicher Natur a Wëssenschaft matenee verbonnen, mat engem Programm fir déi ganz Famill.
Steampunk Convention Iechternach
Den 1. an 2. August ass zu Iechternach nees déi traditionell Steampunk Convention.
Betzfield
Den 1. an 2. August gëtt et um Museksfestival zu Rued-Sir nees vill Musek an et kann ee säin eegene Picknick matbréngen.
Jailhouserock am Sauerpark
Den 31.07. an den 01.08. ass am Sauerpark zu Rouspert déi 8. Editioun vum Festival, deen d'Musek aus de 50er a 60er Joren operstoe léisst.
Sunset Cinema
Vum 29. Juli un a bis de 16. August ginn am Park um Kierchbierg Filmer fir déi ganz Famill a Filmklassiker gewisen, mat engem ganze Programm ronderëm.
Songwriter Night
Den 30. Juli gëtt am Park Jacquinot zu Beetebuerg Film mat Live-Musek verbonnen.