D’openscreen-ASBL ass bekannt fir hir alternativ Kuerzfilm-Screeningen. Ma ewell ginn och 5 Lauschterstécker op hire Kont, déi als “Kappkino” esouwuel op Vinyl wéi och als Live-Spektakel erauskommen. “Blablablastik” nennt sech dee neisten: den Text huet de Samuel Hamen geschriwwen; d’Anne Simon inzenéiert en, an zwar haut den owend nach emol fir d’Theaterbühn vum Kasemattentheater zu Bouneweg. D’Geschicht ze verrode wier e Faux-Pas, mee d’Kerstin Thalau huet iech awer e puer Impressioune vun der leschter Opféierung matbruecht.
arrow_back_ios
Wat leeft
Theater an der Däischtert fir ze lauschteren
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau