Stones in Vibration Haut - 14h40 Den 22. August gëtt et am Schlass zu Beefort vill Live Musek, e Maart, bei dem lokal Kënschtler a Kënschtlerinnen hir Konscht weisen an och Animatioun fir déi ganz Famill.
LuxPlaymoDays Gëschter - 14h40 Den 22. a 23. August ass zu Nidderkäerjeng déi 19. Editioun vun de LuxPlaymoDays. Virun allem ginn hei eng Partie Landschaften aus Playmobil nogebaut.
Crowfield 18.08.2026 - 14h40 Den 21. an den 22. August ass zu Rëmerschen beim Waassertuerm de Crowfield. E klenge Museksfestival, op dem lokal Museker a Musekerinnen optrieden.
Bat Night op der Schlammwiss 17.08.2026 - 14h40 Den 22. August kann een sech op der Schlammwiss zu Menster d'Fliedermais an aner Déieren ukucke goen.
Savepoint Charity-Stream 2026 14.08.2026 - 14h40 D’ASBL videogames.lu spillt iwwert dräi Deeg Videospiller a wëll esou Sue fir de gudden Zweck sammelen. Wann ee wëll, kann een do och dobäi nokucken.
Poesie am Park 13.08.2026 - 14h40 De 14. August liese verschidde Lëtzebuerger Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen aus hir Wierker am Park Emile Mayrisch zu Diddeleng.
Simmer Summer? 12.08.2026 - 14h40 De 14. August ass zu Simmer um Camping An der Ho déi zweeten Editioun vum Museksfestival Simmer Summer? De Fokus läit op der Lëtzebuerger Musek.
Kino am Park 11.08.2026 - 14h40 Vum 14. bis de 16.08. ginn am Park Ouerbeet zu Keel verschidde Filmer gewisen an och d’Fans vun der Band The Cure kommen op hir Käschten.
Kulturhuef Summer 10.08.2026 - 14h40 De Kulturhuef zu Gréiwemaacher bitt am Kader vun hirem Summer-Programm e Printworkshop un. Vum 11. bis den 21. August gëtt de Workshop reegelméisseg organiséiert.
Visitten am groussherzogleche Palais 07.08.2026 - 14h40 Bis den 30. August kann ee sech de Palais ukucke goen an et gesäit ee Plazen, op déi ee soss net hikënnt.
e-Lake Festival 06.08.2026 - 14h40 Vum 7. bis den 9. August ass zu Iechternach nees den traditionellen e-Lake Festival.
Summerdream Festival 05.08.2026 - 14h40 Den 08.08. gëtt et zu Stengefort am Centre Mirador Musek, Theater, Workshoppen an och soss vill flott Saachen ze erliewen.
So So Summer 04.08.2026 - 14h40 Eng Afterwork-Serie vum CNA, bei där et all Donneschdeg Musek gëtt an eng Ausstellung ass op der Plaz ze entdecken.
City Open Air Cinema - Bouneweg 03.08.2026 - 14h40 Vum 6. bis den 8. August weist d'Cinemathéik e puer Filmklassiker um Open Air zu Bouneweg, op der Place Léon XIII.
Naturparkfest 31.07.2026 - 14h40 Den 2. August ginn zu Parc Housen d’Theemeberäicher Natur a Wëssenschaft matenee verbonnen, mat engem Programm fir déi ganz Famill.
Steampunk Convention Iechternach 30.07.2026 - 14h40 Den 1. an 2. August ass zu Iechternach nees déi traditionell Steampunk Convention.
Betzfield 29.07.2026 - 14h40 Den 1. an 2. August gëtt et um Museksfestival zu Rued-Sir nees vill Musek an et kann ee säin eegene Picknick matbréngen.
Jailhouserock am Sauerpark 28.07.2026 - 14h40 Den 31.07. an den 01.08. ass am Sauerpark zu Rouspert déi 8. Editioun vum Festival, deen d'Musek aus de 50er a 60er Joren operstoe léisst.
Sunset Cinema 27.07.2026 - 14h40 Vum 29. Juli un a bis de 16. August ginn am Park um Kierchbierg Filmer fir déi ganz Famill a Filmklassiker gewisen, mat engem ganze Programm ronderëm.
Songwriter Night 24.07.2026 - 14h40 Den 30. Juli gëtt am Park Jacquinot zu Beetebuerg Film mat Live-Musek verbonnen.