Ass de Kabel an an an der Rei? Haut - 16h40 An dëser Episod schwätzt den Alexandre Ecker iwwer d’Widderhuelung vu Wierder an engem Saz.
Schwätz kee Kabes, du domm Noss! 17.09.2026 - 16h40 An dëser Episod schwätzen d’Sarah Hess an de Christopher Morse vum ZLS iwwer d’Gewunnecht, Frechheete mat Uebst a Geméis ze maachen.
Virwëtz mat Äppelschnëtz 16.07.2026 - 16h40 An dëser Episod schwätzt d’Sara Martin vum ZLS iwwer d’Ausdréck "Virwëtz mat Äppelschnëtz“, "Véierel op kal Ierbessen“ a Co.
Eppes mat Schweppes 09.07.2026 - 16h40 D’Sara Martin schwätzt an dëser Episod iwwer "eppes mat Schweppes“ an déi verschidde Varianten, déi et vun deem Sproch ginn.
Za huet gedanzt wéi d’Fatz um Bengel! E klenge Pronome ganz grouss 02.07.2026 - 16h40 An dëser Episod schwätzt d’Nathalie Entringer iwwer e klengt, awer immens spannend Wuert: de Pronomen "za“.
Wat huet deen eng Nues! Eng sproochlech Wäiprouf 25.06.2026 - 16h40 An dësem Episod schwätzt den Armand Becker iwwer Begrëffer, mat deenen een op Lëtzebuergesch kann d’Eegenschafte vun engem Wäi beschreiwen.
Elo nei: Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch! 18.06.2026 - 16h40 D’Josiane Boever stellt eng fuschnei Publikatioun iwwer d’Liicht Sprooch Lëtzebuergesch vir.
Ech, de Jëwwi a meng Wéinegkeet 11.06.2026 - 16h40 D’Sara Martin vum ZLS erzielt an dëser Episod, wat et mat Ausdréck wéi "de Jëwwi“ a "meng Wéinegkeet“ op sech huet.
Idiolekter: Jiddereen huet een 04.06.2026 - 16h40 Keng zwou Persoune schwätze genee d’selwecht. Jiddereen huet säin eegenen Idiolekt, also eng eegen Aart a Weis fir ze schwätzen, erkläert d’Sarah Muller an dëser Episod.
Vun „Taschenueren“ a „Kratzeren“ 21.05.2026 - 16h40 An dëser Episod gitt Dir vum Daniel Wagener gewuer, wéi eng Roll sproochlech Date fir d’Kënschtlech Intelligenz (KI) spillen.
Vu Buschtawenzopp, Héngerbritt a Gazpacho 07.05.2026 - 16h40 An dëser Episod zerwéiert d’Isabel Andrade Bento e puer linguistesch Schlabäizercher a schwätzt iwwer Zoppen, déi hire Wee an den LOD fonnt hunn.
Vu Muttergottessen a Wollekekrazerten 30.04.2026 - 16h40 Verschidden däitsch Wierder ginn eent zu eent am Lëtzebuergeschen iwwerholl, anerer gi verlëtzebuergescht. „Gëtt et do eng Linn?“ huet den Alexandre Ecker sech gefrot.
De Léiw oder de Léif? Eng haart Noss … oder net? 23.04.2026 - 16h40 D’Josiane Boever presentéiert an dëser Episod en einfachen Trick, fir kniwweleg Wierder wéi “Schmadd“, “Léiw“ a “Kierb“ ëmmer richteg ze schreiwen.
Lues, d’Miissi mécht grad eng Dada! 16.04.2026 - 16h40 D’Nathalie Entringer schwätzt iwwer Miissien, Brummbrummen an Dadaen.
Räifränsch a Rulänner: e sproochleche Bléck op d’Riefzorten 26.03.2026 - 16h40 Den Armand Becker schwätzt haut doriwwer, wéi déi verschidde Riefzorten op Lëtzebuergesch heeschen.
Autoantonymmen (Januswierder) 19.03.2026 - 16h40 D’Isabel Andrade Bento erkläert, wat Autoantonymmen (Januswierder) sinn.
Homonymmen, Homofonen an Homografen an der Lëtzebuerger Sprooch 12.03.2026 - 16h40 Et geet ëm Wierder, déi d’selwecht ausgeschwat respektiv d’selwecht geschriwwe ginn, awer ënnerschiddlech Bedeitungen hunn.
Neologismussen am LOD 05.03.2026 - 16h40 Nodeems an enger viregter Episod iwwer d’Neologismussen am eelere Luxemburger Wörterbuch geschwat gouf, kuckt mir hei, wat de Lëtzebuerger Online Dictionnaire dozou verréit.
Neologismussen am Luxemburger Wörterbuch 26.02.2026 - 16h40 D’Sara Martin erkläert, wat sech hanner dem Term “Neologismus“ verstoppt, an huet eng ganz Partie Beispiller aus dem LWB matbruecht.
"Mammesprooch“ 19.02.2026 - 16h40 Fir den internationalen Dag vun der Mammesprooch den 21. Februar hëlt d’Sarah Muller de Begrëff "Mammesprooch“ ënner d’Lupp.