D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Um Radar - ënner der Woch
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.

Abléck an déi portugisesch Museksgeschicht
Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schaffe schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek.

Berlinale (8) De Bilan virun der Präisiwwereechung
Muer (22.2.) ass d’Präisveriwwerreechung vun der Berlinale, an et dierf ee gespaant sinn, wie mam Gëllenen, respektiv de sëllege Sëlwere Bieren heemgeet.

Hommage à Alexander Mullenbach
Lëtzebuerger Musek, eng Uropféierung an eng franséisch Komponistin. Dat fënnt een um Concertsprogramm, deen dee Geéierte selwer zesummegestallt huet.

Berlinale (6) Am Gespréich mat der Céline Camara
D'Schauspillerin spillt am Wettbewerb-Film "Reflet dans un diamant mort" eng mysteriéis Rivalin vum Geheimagent John D.

"Rëmeleng, ee vun de ganz wichtege Berceaue vu menger Kreatioun"
An hirem neie Kuerzfilm zeechent d'Marie-Laure Rolland de Portrait vun der Dänzerin a Choreographin Jill Crovisier.
"L'enfantôme"
Déi lescht BD vum Fransous Jim Bishop senger "Trilogie de l'enfant"

Opwenneg a villschichteg Videoinstallatiounen zum Theema Zäit an Tiger am Mudam
Den Ho Tzu Nyen gleeft un déi empathesch Resonanz duerch Konscht.

"Picture a day like this"
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg steet den 28. Februar op der Bün vum Groussen Theater an der Stad fir eng zäitgenëssesch Oper opzeféieren.

Berlinale (4) - Highlighte vum Festival
No enger Woch Berlinale ass Zäit fir en Tëschebilan. De Jeff Schinker gëtt ausféierlech Ablécker an déi wichtegst Filmer aus der Kompetitioun ëm de Gëllene Bier.

Claudine Muno mat "ROFF"
En neit Buch, wou sech Fakten a Fiktioun zu Péiteng begéinen.

Berlinale (3) Am Gespréich mat der Sophie Mousel
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" an a "Reflet dans un diamant mort"

Filmkritik: "Rabia"
E franséischen Drama iwwer d'Radikaliséierung vu jonken Europäerinnen a Syrien. Extrait aus dem Grousse Kino

Uergelwei an der Ecole Sainte-Sophie
Eng nei Uergel gouf geweit

Lëtzebuerger Koproduktiounen op der Berlinale
De Bilan vun der éischter Hallschent vun der Berlinale

Um Radar - ënner der Woch
Wat fir Museks- a Kulturevenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.

Am Gespréich mam Brian Case vu FACS
D'Noise Band huet de Mëttwoch an de Rotondë gespillt.

Vältesdag an der klassescher Musek
Komponisten a Komponistinnen an d'Léift

Berlinale (1)
Een Abléck an den éischten Dag vum Filmfestival
