D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Liewege Përmesknupp
D'Përmesfrënn Kauneref feieren den hellegen Primin.
Wann d'PJ Harvey dem Geescht vum Elvis begéint
Poetesch, däischter an einfach schéin: der PJ Harvey hiren neien Album "I Inside The Old Year Dying"
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen dës Woch am Kino un? Den Iwwerbléck
Roland Meyer - Monster Malya
E Kannerbuch fir erwuesse Leit, seet de Roland Meyer - mat Recht!
Et ass guer net esou liicht, liicht Popmusek ze maachen
Zwee Joer war et roueg gi ronderëm Bye Bye Bay, de Projet vum Museker Pierre Bihl. Mat "Carry You" stellt hien aktuell eng nei Single vir.
Wuert vun der Woch: Monster
Nom "Gespenst" ass den Auteur Jean Portante op de Goût komm an hannerfreet fir eis dës Woch d'Originen an d'Entwécklunge vum Wuert "Monster".
Pride Week: vu Punk iwwer Drag Performances bis Electro
Am Kader vun der Pride Week proposéiert d'Escher Kulturfabrik an den nächsten Deeg e Programm tëschent Musek, Danz, Performance a Visual Arts.
Wuert vun der Woch: Monster
Nom "Gespenst" ass den Auteur Jean Portante op de Goût komm an hannerfreet fir eis dës Woch d'Originnen an d'Entwécklunge vum Wuert "Monster".
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen dës Woch um groussen Ecran un? E Bléck duerch de Programm
Et ass guer net esou liicht, liicht Popmusek ze maachen
Zwee Joer war et roueg gi ronderëm Bye Bye Bay, de Projet vum Museker Pierre Bihl. Mat "Carry You" stellt hien aktuell eng nei Single vir.
Crowdfunding-Aktioun ronderëm dem Joseph Kutter säi "Champion"
En Interview mam Michel Polfer, Direkter vum Nationalmusée um Fëschmaart, iwwer d'Hannergrënn vun der Crowdfunding-Aktioun
De Kulturentwécklungsplang am Mi-temps
De Bilan vun den éischte véier Joer aus der Siicht vu Kulturschafenden
D'Claire Thill an "Der Besuch der alten Dame"
Een Interview mat der Metteure en Scène Claire Thill iwwer hir Inzenéierung vum Friedrich Dürrenmatt sengem Klassiker.
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen dës Woch um groussen Ecran un? E Bléck duerch de Programm
SaarArt 2023, en Abléck
Fir déi zwieleft SaarArt goufen eng éischte Kéier, nieft däitschen, och lëtzebuergesch a franséisch Kënschtler:inne selektionéiert.
Wuert vun der Woch: Geschicht(en)
D'Geschicht vun de Geschichten: also déi vun de Märercher, dem Schicksal, der Botschaft an dem Evangelium
Traduki - Literatur verbënnt
En europäescht Netzwierk, dat de Südoste vun Europa mam däitschsproochege Raum verbënnt.
Nei am Kino
Een Iwwerbléck vun den neie Filmer fir dës Woch
Tina Gillen - Flying Mercury
Een Interview mat der Tina Gillen iwwer hir Wierker aus der Ausstellung "Flying Mercury"
