D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Geopoesie - Eng Bréck tëschent Mënsch an Ëmwelt?
Geopoesie - eng Aart a Weis, fir de Mënsch an d'Natur méi no ze bréngen. Mir ware mat den "Geopoeten" Ulrike Bail a Robert Weis ënnerwee.
D'Wuert vun der Woch ass eng Aventure
"Abenteuer oder Aventure?": dat ass zu Lëtzebuerg d'Fro! Oder eng vun de linguistesche Froen, deenen de Jean Portante nogeet.

The Alchemist - Den Arthur Unger am MNAHA
Ee Gespréich mam Arthur Unger. Seng Wierker sinn an der Ausstellung "The Alchemist" am Nationalmusée um Fëschmaart ausgestallt.
