arrow_back_ios

Sample vun der Woch

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Episoden

Atlantic Starr - Second to None

Atlantic Starr ass eng amerikanesch Funkband aus de 70er Joren. Hiert Lidd “Second to None“ huet Kultstatus erreecht, well et an den 2000er Joren nei entdeckt a gesampelt gouf.
headphones

3 min

play_arrow

Asha Puthli - Let Me In Your Life

Där indescher Sängerin aus de 70er Joren hiert Lidd “Let Me In Your Life” gouf an den 90er Joren vun enger bekannter däitscher Hiphop-Grupp gesampelt gouf. De Rescht ass Geschicht.
headphones

3 min

play_arrow

20th Century Steel Band - Heaven and Hell Is on Earth

Heaven & Hell Is on Earth vun der 20th Century Steel Band gouf méi wéi 100 Mol gesampelt - an dacks an Tracken, déi méi berüümt gi si wéi den Original.
headphones

3 min

play_arrow

Yusef Lateef - Eastern Market

Deen amerikanesche Jazz-Multiinstrumentalist, Komponist an Erzéier huet verschidde Museksstiler fusionéiert, dorënner asiatesch, afrikanesch a Musek aus dem mëttleren Osten.
headphones

5 min

play_arrow

Weather Report - Young and Fine

Der amerikanescher Jazz-Fusion-Band, 1970 gegrënnt, hiren aachte Studioalbum gouf als ee vun de kontroversen Albumen an hirer Diskographie ugesinn.
headphones

7 min

play_arrow

Ike Turner and The Kings of Rhythm - Funky Mule

De Break vum Intro vum Lidd "Funky Mule" gouf als Fundament vun der Drum'n'Bass-Kultur ugesinn. Hei e puer Beispiller vu Goldie, DJ Hype a Breakage.
headphones

8 min

play_arrow

The Whispers - Can't Help But Love You

Eng amerikanesch R&B- a Soul-Grupp, 1963 gegrënnt. Hire positiven an emotionalen Track "Can't Help But Love You" gouf fir en däischtert an aggressiivt Lidd vu Mobb Deep gesampelt.
headphones

7 min

play_arrow

The New Birth - Honeybee

Eng amerikanesch R&B- a Funkband, déi an den 1970er Joren immens populär war. Hiert Lidd "Honeybee" ass eng Upbeat Funk-Nummer mat engem fesselnde Groove an engem feste Bass.
headphones

8 min

play_arrow

The Meters - Cissy Strut

Eng amerikanesch Funkband vun New Orleans, Louisiana, déi vum Art Neville gegrënnt gouf. Si gëllen als ee vun de Pionéier vum Funk an hate groussen Afloss op vill Museker a Bands.
headphones

7 min

play_arrow

The Honey Drippers - Impeach the President

Méi wéi 800 Mol ass den Drumbreak vum Lidd "Impeach the President" benotzt ginn, fir verschidden Hiphop an elektronesch Tracken ze produzéieren.
headphones

8 min

play_arrow

The Blackbyrds - Love Is Love

Eng amerikanesch Jazz-Funk-Band, déi an den 1970er vum berüümten Jazz-Trompettist Donald Byrd gegrënnt gouf.
headphones

8 min

play_arrow

The 24 Carat Black - Ghetto Misfortune's Wealth

Eng amerikanesch Soul- a Funkband aus de fréien 1970er Joren. Si sinn am bekanntste fir hire Konzeptalbum "Ghetto: Misfortune's Wealth".
headphones

8 min

play_arrow

Tarika Blue - Dreamflower

Déi amerikanesch Jazzband, déi an de 1970er zu New York aktiv war, huet eng méi experimentell an avantgardistesch Richtung vum Funk erfuerscht a war ganz beléift beim Erika Badu.
headphones

7 min

play_arrow

Sylvia - Sweet Stuff

D‘Sylvia Robinson gouf zu enger Schlësselfigur am amerikaneschem Hiphop. Mee éier si de Label Sugar Hill Records gegrënnt huet, stoung si selwer e puermol hanner dem Mikro.
headphones

9 min

play_arrow

Starship - We Built This City

Déi amerikanesch Rockband goung aus der legendärer Band Jefferson Airplane ervir. Dëse kommerziellen Erfolleg huet et bis an eng Underground-Hymn op Harlem ew York gepackt.
headphones

9 min

play_arrow

Silver Convention - Fly Robin Fly

Eng däitsch Disco-Grupp, déi an den 1970er Jore groussen Erfolleg hat, ëmsou méi erstaunlech, datt si et bis an de Studio vum Wu Tang Clan zu New York geschafft hunn.
headphones

7 min

play_arrow

Serge Gainsbourg - L'homme à tête de chou

Deem hyper produktive Sänger, Songwriter a Komponist seng provokant an innovativ Approche zur Musek hunn hien zu enger Schlësselfigur an der franséischer Musekszeen gemaach.
headphones

8 min

play_arrow

Sade - Fear

Eng berüümt brittesch Sängerin, Songwriterin a Plackeproduzentin, bekannt fir hir markant, roueg Stëmm an hir Fäegkeet, Smooth Jazz, Soul, R&B a Pop ze fusionéieren.
headphones

9 min

play_arrow

Rose Royce - Love Don’t Live Here Anymore

Rose Royce ass eng Soul- a Funkband aus Los Angeles, déi an den 1970er Jore bekannt gouf. Si hu sech duerch hiren eenzegaartege Mix aus Funk, Soul, Disco a Pop-Musek etabléiert.
headphones

8 min

play_arrow

Miles Davis - BitchesBrew

De Miles Davis ass eng vun de bedeitendste Figuren an der Geschicht vum Jazz. No der Entwécklung vum Cool Jazz a Modal Jazz, bedeelegt hie sech un der Evolutioun vum Jazz-Fusioun.
headphones

5 min

play_arrow