arrow_back_ios

Genuddels a Gejiips

100komma7.lu / Genuddels a Gejiips

/ De Pat Metheny, de Mulgrew Miller an de Kurt Rosenwinkel

De Pat Metheny, de Mulgrew Miller an de Kurt Rosenwinkel

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

De Pat Metheny ass sécher ee vun de wichteste Gittaristen aus der Jazz-Geschicht. Hien erfënnt sech ëmmer erëm

nei, awer heiansdo besënnt hie sech och op ee Konzept, dat schonn eemol erfuerscht gouf a beliicht et anescht. Esou och op “Moon Dial”, wou hien op enger fir hie gebauter Bariton-Gittar mat Nylon-Säiten e wonnerschéine Solo-Repertoire spillt.

De Mulgrew Miller ass een dacks iwwerkuckte Pianist, dee vun den 1980er an der Jazzzeen grouss gouf, an de Kurt

Rosenwinkel bréngt eis ee feirege Live-Album aus senger Glanz-Ufankszäit aus dem Joer 1996.


Playlist:

1. Pat Metheny - Moon Dial

2. Pat Metheny - Everything Happens to Me

3. Mulgrew Miller - Go East

4. Mulgrew Miller - The Sequel

5. Mulgrew Miller - It Never Entered my Mind

6. Kurt Rosenwinkel - A Shifting Design

7. Kurt Rosenwinkel - Zhivago

Episoden

De Steel-Pan Spiller Victor Provost

Mam Victor Provost ass e spezielle Gaascht am Interview aus de Vereenegte Staaten zougeschalt. Hien erzielt iwwer säi Parcours a stellt déi schéin nei Plack "Island to Island" vir.
headphones

60 min

play_arrow

Joel Frahm - Miles Davis - Jimmy Smith a Wes Montgomery

Dee relativ neien Disk “Lumination” - Den Album “Conception” - Super hip Musek vun engem CD, deen dacks vergiess gëtt ...
headphones

60 min

play_arrow

De Peter Bernstein Trio, den Allan Holdsworth a "Gouldian Finch"

E Fiels an der Brandung, wann ee vum modernen Uergeltrio schwätzt - Ee vun de bedeitendste Fusion/Progressive Jazz-Gittaristen - Ee brandneien Album: “Prohet Gouldian Finch”
headphones

60 min

play_arrow

De Mathias Eick, de Reggie Workman an de Peter Gall

Wonnerschéin, déifgrënneg skandinavesch Kläng - E Kontrabassist, dee vill Leit éischter als Sideman bekannt ass - Däitschen Jazzpräis fir “Love Avatar”
headphones

60 min

play_arrow

3 Albumen

Deen neien Album vum Sam Greenfield - “Earth Jones” vum Elvin Jones - Trio Album vum Jerry Bergonzi
headphones

60 min

play_arrow

Carl Allen - John Clayton - Wayne Shorter

Deen neien Disk vum Batteur Carl Allen, zesumme mam Christian McBride um Bass an dem Chris Potter um Saxofon - Nei CD vum John Clayton - D’Jazz vum Feinsten aus de Mëtt 60er Joren
headphones

60 min

play_arrow

De Larry Goldings, de Victor Feldman an de Peter Evans

Dem Larry Goldings säi Livealbum am Pianostrio, "I Will"- de Victor Feldman, en englesche Multiinstrumentalist - de Peter Evans bréngt mam Petter Eldh eng Kollaboratioun eraus
headphones

60 min

play_arrow

Ofri Nehemya -Butcher Brown - McCoy Tyner

Deen neien Album vum Ofri Nehemya - An d’Band Butcher Brown huet en neien Disk released, an de Klassiker ass dës Kéier de McCoy Tyner a säin Trio mam Album “Inception".
headphones

60 min

play_arrow

Den Arthur Possing a säin neien Album "Homes"

Pünktlech fir déi dräizéngt Editioun vum Festival "Like a Jazz Machine" zu Diddeléng huet den Arthur Possing eis säin neien Opus "Homes" matbruecht.
headphones

60 min

play_arrow

Herbie Hancock, Kenny Garret an Wynton Marsallis

An dëser Episod vu Genuddels a Gejiips steet mol eng Kéier keen neien Album um Programm, mee dräi Stéck déi ze dacks vergiess ginn.
headphones

60 min

play_arrow

Kurt Rosenwinkel, Jacob Mann a Miles Davis

De Kurt Rosenwinkel huet schonn 2022 een Album mat Fokus op de Frédéric Chopin erausbruecht. Déi neiste Release iwwer de Johannes Brahms ass nom selwechte Konzept entstanen.
headphones

60 min

play_arrow

Festival Like A Jazz Machine 2025

Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg, 7.-11.5. ass zu Diddeleng déi 13. Editioun vum Jazzfestival.
headphones

60 min

play_arrow

Coup de Coeure vum PB

De Pol Belardi huet bei Geleeënheet vu sengem Gebuertsdag eng Rëtsch Opname queesch duerch d'Jazzgeschicht zesummegesicht an déi eng oder aner Anekdot dozou.
headphones

61 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

De Billy Hart, de Red Garland an d’Shanghai Suite

De Red Garland ass ee vun deene wichtegsten Jazzpianisten aus den 1950er an 1960er an huet vill zum typesche Stil aus der Bebop- a Post-Bop-Ära bäigedroen.
headphones

60 min

play_arrow

De Festival Jazzorwhatever? zu Wolz an den Ambrose Akinmusire

Dëse Weekend am Brandbau/Prabbeli zu Wolz: e jonke, frësche Festival, deen Jazz mat verschiddenste Backgrounds an a ganz ville Klangfacette promouvéiert.
headphones

62 min

play_arrow

Arbenz feat. Ron Carter, de Wynton Kelly Trio mam Wes Montgomery an den Trio Grande

De Schwäizer Arbenz-Zwillinge Michael a Florian hiren neien Trio-Album featured d'Kontrabass-Legend Ron Carter. Historesch Kollaboratioun mat "Smokin' at the Half Note", an 2. Release vun Urban Myth: “Trio Grande”
headphones

60 min

play_arrow

Wayne Shorter - Joel Frahm - Elliot Galvin

Ë. a. mam Wayne Shorter sengem Klassiker “JuJu”, engem relativ neien Album vum Saxofon-Zauberer Joel Frahm mat sengem Trio an den Elliot Galvin mat enger super Mëschung tëschent Elektronik an Akustik ...
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Miles Davis - My Olympus - Kurt Rosenwinkel

Eng ganz faarweg Genuddels a Gejiips mat ë. a. dem Eyolf Dale mat Orchester, dem Miles Davis säi Klassiker “Dig” vun 1956 mam Sonny Rollins.
headphones

184 min

play_arrow