Radioen

On air

Moiesstudio  |  Them Lights - What Counts

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ “J’existe“

“J’existe“

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen.
Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Dem Marcel Beyer säin "Dämonenräumdienst"

Deen neie Lyrikband, dee bei Suhrkamp erauskoum, verréit sengem Lieser Phantasmagorien, déi an der Sprooch an am Ënnerbewosstsinn e ganz onbehellegt Eegeliewe féieren.

D'Martine Glod léisst d'Luuchten danzen

D'Kënschtlerin Marine Glod hannerfreet déi traditionell Technike vun der Molerei, dacks mat Luuchtinstallatiounen, déi mam Raum kommunizéieren.

The end my friend

Dem Romain Butti säi Stéck "Fir wann ech net méi kann" ënner der Regie vum Ronald Dofing

Les frontalières - die Grenzgängerinnen

E Bléck op d'Liewe vun de Frontalièren am Groussen Theater

D'Enn vun de Paräisser Cabareten?

D'Corona-Pandemie trëfft déi weltberüümt Paräisser Cabareten haart. Ass dat d'Enn vum French Cancan?

Djordje Balasevic - De jugoslawesche Bob Dylan ass dout

Vu Ljubljana bis Skopje si seng poetesch a kritesch Texter dëse Weekend op der Strooss gesonge gi fir him Äddi ze soen.

Filmkritik: "Red Dot" (Netflix)

De schweedesche Thriller spillt am Ufank clever mam Spectateur senge Virurteeler, rëtscht awer dann an eng brutal a pervers Duerstellung vu Selbstjustiz.

Film a Politik

''Into the Unknown" ass deen neie Konferenzzyklus iwwer Film a Politik iwwerschriwwen, deen den Zentrum fir politesch Bildung zesumme mam CNA organiséiert.

So dunkel hier - En Theaterstéck vun der Elise Schmit

Ënner der Regie vun der Anne Simon gëtt e Stéck iwwer den Doud vum Gauleiter Gustav Simon an der Abtei Neimënster realiséiert.

Musikalesch Kreativitéit wärend der Pandemie

Am Riicht eraus gouf e Samschdeg (20.2.) mat C'est Karma, Cleveland, Rome a Catherine Kontz diskutéiert.

Über das Verhalten in der Gefahr

Essaie vum Verlagsgrënner Peter Suhrkamp, déi hien tëschent 1918 an 1957 redigéiert huet.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": den Ewan Chrisnach

Mat engem derangeanten, däischteren, Fotoportrait wëllt de Première-E-Schüler Ewan Chrisnach net provozéieren. Au contraire: e sicht den Dialog.

Jean Portante - Discours sur la littérature

"La poésie naît quand les mots quittent leurs mondes respectifs pour aller se mêler à ceux des autres mondes."

Gespréich iwwer "Miroir ambulant" vum Tom Reisen

D'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn dem Tom Reisen säin éischte Roman gelies a schwätzen doriwwer. Mol kucken, ob si enger Meenung sinn ...

Buchkritik: Tom Reisen - "Miroir ambulant" (Editions Phi)

Dem Tom Reisen säin éischte Roman beschreift eng surrealistesch Enquête iwwer Identitéit a mécht esou abstrakt Problemer gräifbar.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": den Alec Hansen

Mat wäiss zougepechtem Mond op sengem Fotoportrait wëllt de Première-E-Schüler Alec Hansen kritiséieren, datt déi Jonk haut net gelauschtert ginn.

MUDAM: "More Sweetly Play the Dance" vum William Kentridge

Mam William Kentridge stellt de MUDAM am Moment ee vun de wichtegste Kënschtler vun eiser Zäit aus. D'Wierker, ginn am Kader vum "red bridge project" gewisen.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": Wat ka Konscht?

D'Fotografin Séverine Peiffer stellt ausdrocksstaark Foto-Portraite vu Schüler vun enger Première E am Märeler Park aus. A wa kee se gesäit?

Nathalie Ronvaux an der AutorInne-Lies

D'Lady Rosa an ee Chesterfield sinn am Moment der Nathalie Ronvaux hir literaresch Aktualitéit.

Filmkritik: "Below Zero" (Netflix)

De spuenesche Thriller ass eng net oninteressant Variatioun op de klassesche Genre vum Fluchtfilm ... bis d'Theema vun der Selbstjustiz mat erakënnt.