Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Damien Raths

De Lëtzebuerger erkläert ënner anerem, firwat hien d'Presidence vum KFC Uerdingen iwwerholl huet a wéi et dozou koum.

Dr. Serge Allard

Mir froen de President vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren op hien novollzéie kann, datt verschidde Mineuren zécke sech impfen ze loossen.
headphones

18 min

play_arrow

Gaston Schütz a Pierre Plumer

Mir froen d'Direktere vum Rehazenter a vum Domaine Thermal vu Mondorf, wéi Long-Covid-Patiente sollen en Charge geholl ginn.

Fernand Kartheiser a Léon Gloden

Déi grouss Parteie wëlle kee Verfassungsreferendum méi. Hannergi si domat hir Wieler? Doriwwer diskutéiere en ADR- an en CSV-Deputéierten.

Claudia Monti

Mir froen d'Ombudsman, wéi eng Zort vu Reklamatioune si am Pandemie-Joer 2020 krut.

Tom Hecker

Mir froen de President vun der ASBL Rosa Lëtzebuerg, wéi ee Message dëst Joer am Mëttelpunkt vun der Luxembourg Pride Week steet.

Guy Feyder

Mir froen de President vun der Landwirtschaftskammer, wat hie vun der neier europäescher Agrarpolitik hält.

Heinz Thews

Dräi Woche virum Optakt vun den Olympesche Spiller 2021: e Gespréich mam techneschen Direkter vum COSL iwwer d'Erwaardungen un d'Lëtzebuerger Delegatioun.

Laurent Clement

D'Suergen a Revendicatioune vun de Chargéen am Museksunterrecht, am Gespréich mam zoustännege Vertrieder vun der Association des chargés de l'enseignement national (ACEN).

Charles Margue

De gréngen Deputéierten iwwer d'Diskussioune ronderëm d'Unisec zu Dräibuer, an iwwer säi Kapitel vun der Verfassungsreform, dat hien haut deposéiert.

Camille Kohn

De Buergermeeschter vu Bech iwwer deen ëmstriddene soziale Wunnengsbauprojet op der Schanz

Marc Goergen

Mir froen de Piraten-Deputéierten aus dem Südbezierk op seng Partei net ze vill vum Sven Clement ofhängeg ass.

Claude Muller

Mir froen de Virolog, ob déi aktuell niddereg Infektiounszuelen drop hindeiten, datt mer de Virus lass sinn.

Luc Schmitz

Den Direktiounsmember vum Institut National des Langues iwwer deen ëmmer méi groussen Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch

Nicolas Henckes

Froen un de CLC-Direkter, deen d'Confédération du Commerce Enn des Joers verléisst.

Dr. Pit Buchler

De President vum Collège médical iwwer d'Affär ëm den Dr. Benoît Ochs virum Conseil de discipline
headphones

18 min

play_arrow

Nicolas d'Oreye

De Vulkanexpert iwwer de rezenten Ausbroch vum Nyiragongo an der Demokratescher Republik Kongo, deen zu enger grousser Katastroph hätt kënne féieren.

Dr. Raymonde Schmitz

E Gespréich mat der Kanner- a Jugendpsychiaterin iwwer noutwendeg Verbesserunge vum pedopsychiatresche Versuergungsnetz zu Lëtzebuerg.
headphones

18 min

play_arrow
François Bausch

François Bausch

Nom NATO-Sommet: Froen un de Lëtzebuerger Verteidegungs-Minister

Lis de Pina

D'Schoulmediatrice huet kierzlech de Jores-Rapport 2019/2020 vun hirem Service publizéiert.