Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Philippe Poirier

Philippe Poirier

Den Titulaire vum Léierstull fir parlamentaresch Studie vun der Uni Lëtzebuerg zur Etüd iwwer d'Lëtzebuerger Wieler no de Chamberwahlen 2018

Reinhold Breu

Den techneschen Direkter vun der Fussball-Federatioun iwwer seng Missioun bei der FLF an d'Qualifikatiouns-Campagne fir d'EM 2020, déi haut ufänkt.
Martine Hansen

Martine Hansen

Wou steet d'CSV an der Klimapolitik? Wéi gëeent ass d'Partei an där Fro, an doriwwer eraus? D'CSV-Fraktiounscheffin erkläert.

Leo Wagener

Mëssbrauchstreffen, Gleeweg déi ausbleiwen, an d'Trennung vum Staat. Wéi geet et der kathoulescher Kierch? Doriwwer geet rieds mam Generalvikar.
Sven Clement

Sven Clement

Mam Éierepresident an Deputéierte vun der Piratepartei geet rieds ë. a. iwwer eng Fusioun mat der PID, d'Europawahlen an de Klimawandel.

Djuna Bernard

Mir froen déi 26 Joer al Politikerin, wat si als nei Co-Presidentin vun déi gréng wëllt erreechen.

Cédric Metz & Blanche Weber

D'Vertrieder vum Mouvement écologique kommentéieren déi aktuell Entwécklungen an der Klimapolitik.

Georges Jacobs

Mam President vun der Jeeërfederatioun geet rieds iwwer de Virfall vun 2016, bei deem eng Fra ugeschoss gouf an iwwer d'Juegd generell.

Romain Wolff

Mam President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP schwätze mir iwwer d'Sozialwahlen an de Staatsbudget.

Marco Boly

Wéi gutt funktionéiert d'Kontroll vum Aarbechtsrecht? Den Direkter vun der Inspection du travail et des mines gëtt Prezisiounen.

Camille Thommes

Eng eventuell Reform vun der Taxe d'abonnement an d'Konsequenze vum Brexit fir eis Fongen-Industrie sinn Themen am Gespréich mam ALFI-Generaldirekter.

Lou Reckinger

Um internationale Fraendag: e Gespréich mat enger jonker Feministin vu "Voix de jeunes femmes", der Jugendkommissioun vum Conseil national des femmes (CNFL)

Adrien Thomas

E puer Deeg virun de Sozialwahlen: e Gespréich mat engem Politolog, deen um LISER iwwer Gewerkschafte fuerscht.

Pierre Gramegna

En Interview mam Finanzminister, een Dag no der Presentatioun vum Budgetsprojet 2019

Pierre Barthelmé

Den neie President vum Conseil de la Concurrence schwätzt iwwer d'Institutioun.

José Campinho

Den Direkter vun der Wochenzeitung Contacto a Generaldirekter vu Radio Latina iwwer Medienaarbecht a portugisescher Sprooch zu Lëtzebuerg.

Geoffrey Caruso

De gratis ëffentlechen Transport an, allgemeng, d'Zesummespill vu Landesplanung a Mobilitéit sinn d'Themen am Gespréich mam Expert fir Stadentwécklung.

Mylène Bianchy & Georges Merenz

Gratis ëffentlechen Transport, Verspéidungen an Ausfäll vun Zich, Ausbau vum Tram - d'Gewerkschaftler vu Syprolux a Landesverband kommentéieren.

Robert Dennewald

"Gilet jaune vum Patronat", nennt sech de fréiere Patronatsvertrieder, an hie bezitt Stellung zu: Congé collectif, neie Feierdeeg an dem Luc Frieden.

Guy Castegnaro & Erwann Sevellec

Beliicht vu Patronats- a Salariatssäit, geet mat de Spezialisten am Aarbechtsrecht rieds iwwer Litigen a Sozialkonflikter an den Entreprisen.