Radioen

On air

Sot Emol  |  Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Roger Spautz

Prisongsstrofen fir Greenpeace-Aktivisten, déi op den Site vun der Atomzentral vu Cattenom agedronge waren - d'Positioun vu Greenpeace Lëtzebuerg.

Romain Wolff

Mam President vun der CGFP, déi ronn 30.000 Staatsbeamte vertrëtt, schwätze mir iwwer gewerkschaftlech Aarbecht an Zäite vu Virwahlkampf.

Julien Licheron

Mam Chercheur um LISER maache mir d'Analys vun de Problemer um Lëtzebuerger Wunnengsmaart a schwätzen iwwert méiglech Léisunge vun der Wunnengsnout.

Roland Fox

Mam Direkter vu Ponts & Chaussées geet Rieds iwwert déi geplangte Renovéierung a Moderniséierung vun de Pisten um Findel.

Roland Kuhn

Wat sinn déi aktuell Problemer vum Bausecteur? D'Vue vum President vun der Lëtzebuerger Federatioun vun de Bauentreprisen.

Luc Caregari

Well d'Regierung den Informatiounszougang fir Journalisten net regelt, mécht de Presserot eng eege Propos fir e Gesetz.

Roland Bastian

Mam Head of Country Luxembourg vun Arcelor Mittal geet rieds iwwert d'Situatioun an d'Perspektive vun der Lëtzebuerger Stolindustrie.

Roberto Traversini

Mir schwätze mam Député-Maire vun Déifferdeng an neie President vum Gemengesyndikat Pro-Sud.

Marion Zenner

De Schengen-Lycée huet eng nei Direktesch. D'Marion Zenner schwätzt iwwert dat erfollegräicht pedagogescht Konzept vun der Däitsch-Lëtzebuerger Schoul.

Patrizia Thiry-Curzietti

Burn-out am Finanzsecteur hëlt zou. D'Generaldirektesch an Doktesch vun der ASTF, der Association pour la santé au travail du secteur financier, erkläert.

Camille Thommes

D'Lëtzebuerger Fongenindustrie huet d'lescht Joer e Wuesstem vu 17% gemaach. 4.000 Milliarden Euro Fonge ginn zu Lëtzebuerg geréiert. De Generaldirekter vun der Alfi, de Camille Thommes erkl

Jean Billa

De Klierfer Lycée mécht beim Bildungsprogramm "Jidderee ka programméieren" vun Apple mat: mir schwätze mam Lycées-Direkter.

Christine Majerus

No hirer véierter Plaz op der Cyclocross-WM a virum Optakt vun der Stroossesaison: Réck- an Ausbléck mat der Lëtzebuerger Top-Cyclistin.

Claire Sertznig

Déi fir de Marketing zoustänneg nei Mataarbechterin vum Wäibau-Institut iwwert d'Ausschaffe vun enger neier Strategie.

Sibylla Mayer

Mat der Soziologin geet Rieds iwwert dat neit Prostitutiounsgesetz an iwwert d'Roll vun der Schoul an der Zivilgesellschaft an där Thematik.

Martine Deprez, UGDA-Presidentin

Mat der Presidentin vum Daachverband vun de Museksorganisatioune geet Rieds iwwert d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen an d'Mutuelle.

Adrien Ney

Mam Luxair-Generaldirekter geet rieds iwwert d'Aarbechtskonditioune beim Grupp an iwwert d'Erwaardunge fir 2018.

Romain Schneider

Mam Sportminister schwätze mir iwwert d'Olympesch Wanterspiller an iwwert de Sport zu Lëtzebuerg.

Lydia Mutsch

Mat der Gesondheetsministesch schwätze mir ënnert anerem iwwert de Spidolsplang, iwwert deen haut an der Chamber ofgestëmmt gëtt.

Franco Avena a Claire Geier-Courquin

Den neie President vum Conseil national pour étrangers (CNE) an d'Vizepresidentin schwätzen iwwer den neien Ulaf vum Auslännerrot.