Déi féier brittesch Kolonie, déi réischt am Joer 1964 offiziell hir Onofhängegkeet krut, ass Lëtzebuerg eigentlech zimmlech änlech. Malta ass e klengt Land mat enger interessanter Sprooch, an dem och vill Auslänner:innen liewen. Zanterdeem si 2004 Deel vun der Europäescher Unioun gi sinn, hunn och ëmmer méi Malteeser:innen decidéiert, op Lëtzebuerg ze kommen. Wat zitt si heihinner, wei gesinn si Lëtzebuerg a gëtt et eng malteesesch Communautéit zu Lëtzebuerg? D’Cally Kerschen huet bei der Monique Troisi Brosse, der Anabel Hyzler an dem Sean Micallef Trigona nogefrot.
arrow_back_ios
Fënster Op
Malta
Lauschteren
play_arrow
headphones
52 min
mic_none
Presentéiert vum
- Cally Kerschen
Episoden
Dominikanesch Republik
D’Dominikanesch Republik läit op der Insel Hispaniola, déi zu de groussen Antille gehéiert.
Demokratesch Republik Kongo - 2
Eng Première bei Fënster Op: Fir déi éischte Kéier schwätzt de Cédric Reichel direkt zweemol hannerteneen iwwer dat selwecht Land, awer mat aneren Invitéen.
Demokratesch Republik Kongo
Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Häerz vum afrikanesche Kontinent, an e Land mat enger faszinéierender Natur an enger beweegter Geschicht.
Schottland
E Land voller Geschicht an Traditiounen: Et geet ëm den Duddelsak, de Schotterack, de Whiskey an d’Monster vu Loch Ness.
Finnland
D'Klischeeën iwwert d’Land sinn déi grouss Léift zur Sauna, datt d'Mënschen net vill schwätzen, d'Melancholie an Nokia. An iwwer all dat geet Rieds.
Burkina Faso
Zanter 90er Joren ass Lëtzebuerg en enke Kooperatiounspartner an huet och eng Botschaft an der HaaptstadOuagadougou.
Montenegro
E Land an dem ongeféier esou vill Mënsche liewe wéi zu Lëtzebuerg. Déi montenegrinesch Communautéit hei am Grand-Duché ëmfaasst Schätzungen no tëschent 10.000 a 15.000 Leit.
Georgien
3,7 Millioune Mënsche wunnen an dësem Land, an deem scho virun 8.000 Joer Wäin hiergestallt gouf.
Venezuela
An de leschte Joren hu vill Leit dëst Land aus ekonomeschen oder politesche Grënn verlooss.
Bolivien
Bolivie läit an der Mëtt vum südamerikanesche Kontinent. Bekannt si sécher de Regierungssëtz La Paz, den Titicacaséi oder nach de Salar de Uyuni, dee gréisste Salzséi op der Welt.
Schweden
D’Land vun den Elchen, engem ganz bekannte Miwwelgeschäft an och nach Abba.
Nationalfeierdag-Spezial
Wéi gëtt an anere Länner Nationalfeierdag gefeiert? Wéi ee Stellewäert huet deen Dag do a wat sinn eventuell Ënnerscheeder zu Lëtzebuerg?
Usbekistan
D'Land mat der gréisster Bevëlkerung an Zentralasien, bekannt fir seng laang Geschicht, seng Alstied a Moscheeën.
Venezuela
An de leschte Joren hu Millioune Leit dëst Land wéinst Hyperinflatioun, Repressioun, Gewalt a Perspektivlosegkeet verlooss.
Aserbaidjan
E Land tëscht dem kaspesche Mir an dem Kaukasus
Holland
Holland a Lëtzebuerg verbënnt eng joerhonnertelaang gemeinsam Geschicht op villen Niveauen. E Land, fir dat et och vill Klischeeë gëtt, vum Campen, iwwer de Kéis bis zu Vëlofueren.
Philippinnen
E Land, dat aus iwwer 7.000 Insele besteet, eng grouss Sproochevillfalt huet a bekannt ass fir seng Léift zu Chrëschtdag.
Armenien
Dat eenzegt Land am Kaukasus ouni direkte Mierzougang. Armenien huet Grenze mat der Türkei, dem Iran, Aserbaidschan a Georgien.
Mexiko
E Land, dat méi ze bidden huet wéi Guacamole, Tacos an Tequila.