„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“ heescht d’Sammelband mat 15 Bäiträg iwwert d’NS-Bibliothéikspolitik a -praxis an Europa. Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude Conter a de Bibliothecaire Jean-Marie Reding, och Mataarbechter an der BnL hu selwer sech mat der Situatioun vun de Bibliothéiken ze Lëtzebuerg wärend der Nazi-Besatzung auserneegesat a mat eege Bäiträg ze dësem Sammelband bäigedroen Déi zwee si bei eis am Studio fir iwwer hier Fuerschungsaarbecht ze schwätzen.
arrow_back_ios
Kultur
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“
Lauschteren
play_arrow
headphones
25 min
mic_none
Presentéiert vum
- Valerija Berdi
Episoden
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.
Opéra'tion Séduction
Déi jonk lëtzebuergesch-italieenesch Dirigentin Camilla Rossetti iwwerhëlt d'Leedung vum OCL an engem Owend gefëllt mat Operenarien.
Max-Dauphin-Expo fir d'Erënnerung un de Kënschtler lieweg ze halen
D'Catherine Dauphin-Decker op der Sich no Konschtwierker vum Max Dauphin
Tortoise: For Mango and Teal
D'Catherine Kontz huet eng nei Kompositioun geschriwwe fir den Internationale Klarinetteconcours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival den 11. Abrëll 2025. Am Fokus stinn der Komponistin hir zwou Schildkröten.
Teaser: Hommage un de Pierre Joris
En Hommage un den Nomad vun der Literatur – un de Lëtzebuerger Schrëftsteller Pierre Joris, deen de 27. Februar ze New York gestuerwen ass.
Kristine Bilkau: Halbinsel
D'Gewënnerbuch vum Präis vun der Leipziger Buchmesse
The Spy
Dës Serie erzielt d'Geschicht vum Mossad-Spioun Eli Cohen, gespillt vum Sacha Baron Cohen.
La mort viendra ...
E Gespréich mam däitsche Filmregisseur Christoph Hochhäusler
Buchkritik: Antoine Pohu - "Après nos désirs" (Capybarabooks)
A sengem neie Roman beschreift den Antoine Pohu dat komplizéiert Gefillsliewe vun engem Bréisseler Student.
Zéngten Editioun vum European Month of Photography zu Lëtzebuerg
All zwee Joer kënnt ... den EMOP a start fir seng 10. Editioun mat engem Michel-Medinger-Hommage.
"Jo, ech sinn e Rebell"
De Salzburger Christoph Ehrenfellner ass net nëmmen Dirigent, mee och nach Komponist. Selwer beschreift hie sech als Non-Konformist.
D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025
Déi jonk griichesch-lëtzebuergesch Trompettistin huet hire Solodebut bei der Militärmusek gemaach. Elo gouf si beim European Union Youth Orchestra fir d’Saison 2025 ugeholl.
Musek lauschteren am Bar
Méi a méi Audiophiller versammelen sech neierdéngs a Baren, déi a Premium Hifi-Ausrüstung investéiert hunn, fir Vinylen ze spillen - an deenen hire Klang optimal am Raum ze diffuséieren.
"Alben aufnehmen ist eine Sucht"
Den däitsche Pianist Oliver Triendl huet scho méi wéi 150 Alben erausbruecht a krut dëst Joer de Special Achievement Award bei den International Classical Music Awards.
D'Schätz vum Pianotrio
De Moritz Reutlinger ass Cellosproff am Conservatoire du Nord. Zesumme mat zwou weideren Enseignanten organiséiert hien am Kader vun der Serie Spot on Keyboards ee Concert mat Pianotrioen.
Léon Rinaldetti - Rede zur Literatur
De Lëtzebuerger Dichter a Literaturkritiker mat enger Publikatioun am CNL
Maz Univerze - Little Prince
Eng nei Plack iwwer d'Groussginn zu Lëtzebuerg, mat där vill sech identifizéieren dierfen. Ee Gespréich mam Museker