De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Mother"
E Biopic iwwer déi ikonesch Missionarin Mutter Teresa, beschwat vun der Ekipp vum Grousse Kino.
This Modern Love: De Prix Interallié fir de Louis-Henri de la Rochefoucauld
Léift an der moderner Zäit: dat kléngt just op den éischte Bléck no engem Roman iwwer Tinder, "L’amour moderne" geet vill méi ëm Léift am Milieu vun den Theater- a Filmproduzenten.
Teaser B-Radio Andy Bausch
De Lëtzebuerger Realisateur schwätzt hei iwwer dee viru Kuerzem verstuerwenen däitschen Acteur Udo Kier.
Wäit fort: "Jacky" vum Anthony Passeron a “Comme un père vum Christian Auth
Ee Papp verléisst de Stot, een anere kënnt erëm: zwee Romaner iwwer Pappen, déi verschwannen, a wat si bei de Bouwen hannerloossen.
"Cunk On Earth"
E Mockumentary, also e Pseudo-Documentaire, dee sech net all ze eescht hëlt an d’Geschicht vun der Mënschheet erzielt. Eng originell Serie, déi et esou net all ze dacks gëtt.
Neit Wierk "Exorzismus" vum Pit Dahm
Dee jonke Lëtzebuerger Perkussionist huet säi Wierk "Exorzismus" op sengem eegene Studienofschloss gespillt. 2026 steet et op der ARD International Music Competition um Programm.
Eng Expo mat rezenten Acquisitiounen an Donatiounen an der Villa Vauban
Markant kënschtleresch Positiounen, déi bis ewell a privaten Hänn waren, elo ëffentlech.
"Im Schatten der Sonne" vum Chris Wetz
Den Optakt vu enger Krimiserie, déi haaptsächlech am Minett spillt.
Antonin Artaud: alt nees e Kënschtler, dee senger Zäit viraus war?
Eng Art Trëppel-Geeschterbunn am Casino an der Ënneschtgaass
"Toutes les vies" vun der Rebeka Warrior
E kompromësslose Journal intime du deuil - dat ass dat, wat d’Rebeka Warrior, méi bekannt als Sängerin vum Electroduo Kompromat, eis an hirem éischte Roman proposéiert.
Yona - Frozen a Concert
D'Yona ass eng jonk Lëtzebuerger Popmusekerin. Si spilt de Samschdeg den Owend um Belval ee Concert am Mix'n Kava um Belval
"Dead and Alive" vun der Zadie Smith
Eng Essai-Sammlung vun der brittescher Schrëftstellerin
Maria Grazia Galati - Femmes libres à l’intérieur
Fraen, déi traditionell Grenzen iwwerwannen an hir bannescht Fräiheet fannen.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Dossier 137"
Eng Polizistin enquêtéiert iwwer aner Polizisten, déi e Manifestant uerg verwonnt hunn, a geréit an e Loyalitéitskonflikt.
Op der Bün: "Toute dernière fois" am TOL
An eisen Theaterrezensioune vun haut setze mer eis direkt zweemol mam Doud auserneen.
Op der Bün: "Constellations" am Théâtre du Centaure
An eisen Theaterrezensioune vun haut setze mir eis direkt zweemol mam Doud ausnerneen.