De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Buffalo C Wayne - Nei Release vum lëtzebuergeschen Americana-Museker
Dem Buffalo C Wayne seng Karriär ass esou räich u Geschichten an Erënnerungen, datt si bal mat sengem Liewe rivaliséiere kann, mee awer nëmme bal.
Iwwer dem Nico Helminger säi "Geckegen Hunneg" ...
... hu mir mam Myriam Reisdorfer (éd. Guy Binsfeld ) op de Walfer Bicherdeeg geschwat.
Radiohead zu Bologna
Vu sengem Owend mat Radiohead zu Bologna gëschter Owend (17.11.) huet de Jeff Schinker erzielt.
Nei am Kino
Wéi eng nei Filmer lafe muer am Kino un? Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Rainy Days 2025 an der Philharmonie
D’Directrice artistique Catherine Kontz an d’Team hanner de Kulisse luede vu muer u bis de Sonndeg inclus op een zäitgenëssesche Museksfestival mat ronn 50 Concerten.
Film vun der Woch: "Eagles of the Republic"
De Michel Delage an d'Vesna Andonovic iwwer deen neie Politthriller vum Tarik Saleh.
White Book an Assises nationales de l'intelligence artificielle
D’Alessandra Luciano an de Cedric Kayser hunn d'White Book vum Kulturministère zum Theema Kënschtlech Intelligenz am Kultursecteur verfaasst a stellen sech eise Froen.