Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Interview Viviane Thill - Deel 2

Wéi verdréit sech Filmkritik mat der Politik? Ass Filmkritik selwer eng Konscht? Wéi eng Filmkritik ass hei zu Lëtzebuerg méiglech?

Filmkritik: "Notre dame"

Dës Kräizung tëschent Bezéiungskomedie a Gesellschaftssatir ass eng konterbont Virwëlztut vun a mat der Valérie Donzelli. Op Vod.lu ze gesinn.

Filmkritik: "Notre dame"

Dës Kräizung tëschent Bezéiungskomedie a Gesellschaftssatir ass eng konterbont Virwëlztut vun a mat der Valérie Donzelli. Op Vod.lu ze gesinn.

Esther Kinsky - Schiefern

En neie Gedichtband vun der renomméierter däitscher Schrëftstellerin

Seriekritik: The Crown

"The Crown" vum Peter Morgan ass eng vun den opwännegste Serien-Produktiounen: E Monument vun den historesche Serien.

CNA - Chroniques d'une pandémie - Romain Girtgen

De Romain Girtgen als Chroniqueur vun der Pandemie.

Seriekritik: The Crown

"The Crown" vum Peter Morgan ass eng vun den opwännegste Serien-Produktiounen: E Monument vun den historesche Serien.

CNL-YouTube-Channel ganz kulinaresch

E klenge Wollef, dee Bicher verdillegt; den Hännes, dee säi Gléck net mat Iesswuere fënnt a Ritter an Draach, déi e Restaurant opmaachen.

KulturEsch 2022-Wou sinn d'Projeten drun?

D'Ekipp vun Esch 2022 huet iwwer d'Evolutioun an Evaluatioun vun den agereechte Projeten informéiert.

KulturEsch 2022-Wou sinn d'Projeten drun?

D'Ekipp vun Esch 2022 huet iwwer d'Evolutioun an Evaluatioun vun den agereechte Projeten informéiert.

Wiesenzeit

Kandheet dobaussen, ouni Ecran a Fräizäitstress - wéi fréier: Dat ass den Ophänker am Lothar Quinkenstein senger Erzielung, déi rezent erauskoum.

Polemik ronderëm d'Joanne Goebbels, déi nei Directrice vun der BNL

Net jiddwereen ass glécklech mam Choix vun der neier Directrice vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

De Marc Schroeder gesäit d'Pandemie schwaarzwäiss

De Marc Schroeder ass Fotograf an Ekonomist: hie gesäit d'Corona-Kris och als Chance fir Changementer, mee mir missten eis dofir waarm undinn.

De Marc Schroeder gesäit d'Pandemie schwaarzwäiss

De Marc Schroeder ass Fotograf an Ekonomist: hie gesäit d'Corona-Kris och als Chance fir Changementer, mee mir missten eis dofir waarm undinn.

Wiesenzeit

Kandheet dobaussen, ouni Ecran a Fräizäitstress - wéi fréier: Dat ass den Ophänker am Lothar Quinkenstein senger Erzielung, déi rezent erauskoum.

De Fotograf Patrick Galbats als Chroniqueur vun der Pandemie

De Fotograf Patrick Galbats huet versicht, d'Effete vum Confinement an der europäescher Haaptstad Bréissel mat der Kamera festzehalen.

CNL-YouTube-Channel ganz kulinaresch

E klenge Wollef, dee Bicher verdillegt; den Hännes, dee säi Gléck net mat Iesswuere fënnt a Ritter an Draach, déi e Restaurant opmaachen.

De Fotograf Patrick Galbats als Chroniqueur vun der Pandemie

De Fotograf Patrick Galbats huet versicht, d'Effete vum Confinement an der europäescher Haaptstad Bréissel mat der Kamera festzehalen.

Fernand M. Guelf - Der Ausnahmezustand

En Attentat zu Berlin, dräi Mënschen, déi ganz aner Pläng am Liewen haten ... den neie Roman vun Lëtzebuerger Auteur beandrockt!

Fernand M. Guelf - Der Ausnahmezustand

En Attentat zu Berlin, dräi Mënschen, déi ganz aner Pläng am Liewen haten ... den neie Roman vun Lëtzebuerger Auteur beandrockt!