Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Craig Finn - People Of Substance

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Luxembourg City Film Festival

De Jean-Marie Biwer d'après nature

De Moler Jean-Marie Biwer wëllt mat sengen Naturlandschaften de Spectateuren d'Rou, de Raum zeréckginn, déi si esou dringend zum ootme brauchen.

500. Doudesdag vum Renaissance-Moler Rafael

"Rafaello" ass den Titel vun der Expo, déi dem Rafael säi Schaffen am Musée Scuderia del Quirinale zu Roum retracéiert.

De Jean-Marie Biwer d'après nature

De Moler Jean-Marie Biwer wëllt mat sengen Naturlandschaften de Spectateuren d'Rou, de Raum zeréckginn, déi si esou dringend zum ootme brauchen.

Ouverture vun der 10. Editioun vum LuxFilmFest

Déi offiziell Ouverture mat Éierungen, Rieden an natierlech dem Ouverturesfilm
headphones

7 min

play_arrow

Ouverture vun der 10. Editioun vum LuxFilmFest

Déi offiziell Ouverture mat Éierungen, Rieden an natierlech dem Ouverturesfilm
headphones

7 min

play_arrow

500. Doudesdag vum Renaissance-Moler Rafael

"Rafaello" ass den Titel vun der Expo, déi dem Rafael säi Schaffen am Musée Scuderia del Quirinale zu Roum retracéiert.

Filmkritik - L'audition

Klassesch Musek steet am Mëttelpunkt vun der däitsch-franséisch-Lëtzebuerger Koproduktioun vun der Ina Weisse.

Teaser: Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen - fréier an haut

Wéi gesäit d'Literaturzeen zu Lëtzebuerg haut aus, wann een de Bléck op Schrëftstellerinne geheit?

Gefälscht Wourechten oder wouer Fälschungen

Déi belsch Theatertrupp BERLIN inzenéiert dem hollännesche Konschtfälscher Geert Jan Jansen seng Liewensgeschicht als "True copy" op der Bün.

Gefälscht Wourechten oder wouer Fälschungen

Déi belsch Theatertrupp BERLIN inzenéiert dem hollännesche Konschtfälscher Geert Jan Jansen seng Liewensgeschicht als "True copy" op der Bün.

Filmkritik - L'audition

Klassesch Musek steet am Mëttelpunkt vun der däitsch-franséisch-Lëtzebuerger Koproduktioun vun der Ina Weisse.

Zum Doud vum Frank Uwe Laysiepen

Mat extrem kierperleche Performancë sinn d'Kënschtler Marina Abramovic an hire Partner Ulay weltberüümt ginn. Elo ass den Ulay dout.

Filmkritik: The Invisible Man

Dem Leigh Whannell ass eng interessant Adaptatioun vum H.G. Wells sengem Science Fiction-Klassiker gelongen: den onsiichtbare Mann als Stalker.
headphones

4 min

play_arrow

Zum Doud vum Frank Uwe Laysiepen

Mat extrem kierperleche Performancë sinn d'Kënschtler Marina Abramovic an hire Partner Ulay weltberüümt ginn. Elo ass den Ulay dout.

Nei Filmer

Deen neie Pixar, vill klassesch Musek, dee legendären Onsiichtbare vum H.G.Wells an eng Kueleminn, déi zu neien Zwecker genotzt gëtt.

Nei Filmer

Deen neie Pixar, vill klassesch Musek, dee legendären Onsiichtbare vum H.G.Wells an eng Kueleminn, déi zu neien Zwecker genotzt gëtt.

Filmkritik: The Invisible Man

Dem Leigh Whannell ass eng interessant Adaptatioun vum H.G. Wells sengem Science Fiction-Klassiker gelongen: den onsiichtbare Mann als Stalker.
headphones

4 min

play_arrow

D'Rachel Maclean schléit zeréck

Jäizeg Faarwen an e grad esou jäizegen Humor: der Rachel Maclean hir Videoe sinn eng Attack op eis Aen, an doduerch och op eist Gehier.

Den Emil fiert op Wien

E Buch fir a vu Kanner (mat)gemaach.