Radioen

On air

Tockcity  |  Barker - Reframing

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Berlinale 70: The Roads Not Taken vun der Sallly Potter

Mat der Sally Potter duerch de Kapp vun engem Demenzkranken

Berlinale 70: The Roads Not Taken vun der Sallly Potter

Mat der Sally Potter duerch de Kapp vun engem Demenzkranken

Filmkritik: Dark Waters

En Affekot deckt en Ëmwelt- a Gesondheetsskandal op a leet sech mam Chimieskonzern DuPont un ... Vum Todd Haynes mam Marc Ruffalo, Anne Hathaway, Tim Robbins.

Das Ende vom Lied

Eng nei Anthologie mat enger Auswiel vu Gedichter vum Lëtzebuerger Dichter Jean Krier koum elo bei Editions Phi eraus.

Berlinale

"Pari" ass eng Geschicht iwwer Befreiung, inspiréiert vu persescher Poesie a Griichenland, errzielt vum griichesch-iranesche Realisateur Siamak Etamadi.

Das Ende vom Lied

Eng nei Anthologie mat enger Auswiel vu Gedichter vum Lëtzebuerger Dichter Jean Krier koum elo bei Editions Phi eraus.

Nei Filmer

Dräi Filmer stiechen ervir, "Dark Waters" vum amerikanesche Realisateur Todd Haynes, "The Gentlemen" vum Guy Ritchie a "La vérite" vum Hirokazu Kore-Eda.

Nei Filmer

Dräi Filmer stiechen ervir, "Dark Waters" vum amerikanesche Realisateur Todd Haynes, "The Gentlemen" vum Guy Ritchie a "La vérite" vum Hirokazu Kore-Eda.

Berlinale

"Pari" ass eng Geschicht iwwer Befreiung, inspiréiert vu persescher Poesie a Griichenland, errzielt vum griichesch-iranesche Realisateur Siamak Etamadi.

Neies vun der Berlinale

Eise Korrespondent um Filmfestival, den Tom Dockal schwätzt iwwer déi lescht Filmer, déi hie gesinn huet.

Buchkritik: Claude Schmit - Parfum de chasteté (Phi)

E gutt situéierte Paräisser Bobo begeeschtert sech op eemol fir sexuell Abstinenz, sou wéi se vun der kathoulescher Traditioun gepriedegt gëtt.

Neies vun der Berlinale

Eise Korrespondent um Filmfestival, den Tom Dockal schwätzt iwwer déi lescht Filmer, déi hie gesinn huet.

De Rémy Laporte mécht Dieren op

Den Nanzeger Kënschtler Rémy Laporte positionéiert sech mat senge Konschtinstallatiounen tëschent Realitéit a Fiktioun, Norm an Normalitéit.

De Rémy Laporte mécht Dieren op

Den Nanzeger Kënschtler Rémy Laporte positionéiert sech mat senge Konschtinstallatiounen tëschent Realitéit a Fiktioun, Norm an Normalitéit.

Buchkritik: Claude Schmit - Parfum de chasteté (Phi)

E gutt situéierte Paräisser Bobo begeeschtert sech op eemol fir sexuell Abstinenz, sou wéi se vun der kathoulescher Traditioun gepriedegt gëtt.

Handaarbecht an der Cecil's Box

De Metzer Konzeptkënschtler Marc Buchy huet eng méiglech Intersektioun tëschent Esoterik an Transhumanismus gesicht a Konscht fonnt.

FREM vun der Viera Cakanyova

En héich ambitionéierten Debutfilm vun der Slowakin an der Sektioun Forum vun der Berlinale

Esch 2022 - On y va!

Et gëtt méi konkret mam Projet Esch - Europäesch Kulturhaaptstad 2022.