De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Um Radar - ënnert der Woch
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer bitt dës Schaffwoch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt iech, wat op iech zoukënnt.
"... gären u Limitte krazen"
Den Echter'Classic Festival 2024 gëtt eklektesch: 4 Concerte mat Sinfonik a Madrigal bis hin zu Tango an experimenteller Musek.

Albumrezensioun: "Ness" vum Hayden Thorpe
Déi nei Plack vum fréiere Wild-Beasts-Sänger Hayden Thorpe ass eraus, heescht “Ness”, an ass eng villschichteg Affär, déi Natur, Literatur, a Geschicht an sëch vereent.

Ouverture vum CinEast-Festival
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen de polneschen Ouvertures-Film "Scarborn"(Kos).

Um Radar - De Weekend
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer bitt dëse Weekend? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt iech, wat op iech zoukënnt.
The Regime
Eng Serie iwwer eng Diktatorin, déi ëmmer méi paranoid gëtt an hiert Land esou an de Biergerkrich dreift.

Rentrée littéraire (2): "Que du vent" vum Yves Ravey
Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech déi interessantst vun den 459 Bicher, déi fir d'franséisch Rentrée littéraire eraus kommen, vir.

Booker Prize (4) "The Safekeep" vun der Yael van der Wouden
An enger Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner vir, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn.

Peter Pan de Kensington
De José-Luis Munuera huet sech der bekannter Figur Peter Pan ugeholl, se awer an en anere Setting gesat.

Ouverture vum CinEast-Festival
Den Direkter vum Festival Radek Lipka iwwer déi 17. Editioun, déi den Donneschdeg ufänkt.

Math Rock mat Chouer fir 41 Joer Kufa
Mutiny on the Bounty maachen d'Feierlechkeeten op.

Am Gespréich mam Chris Maas
De Lëtzebuerger Batteur Chris Maas iwwer den Tour-Alldag mam Sting

Mat Keramikkonscht op de Spuere vun de Sensibilitéite vum Buedem
D’Verflechtungen tëschent Ëmwelt, mënschlechen an net-mënschleche Liewensformen an der Escher Konschthal

Fokus op Emanzipatioun am TOL
D'Véronique Fauconnet stellt déi nei Saison vum frankofonen Théâtre Ouvert Luxembourg vir.

Filmkritik: "Sterben"
Den däitsche Familljendrama vum Matthias Glasner gouf am leschte Grousse Kino beschwat.

Um Radar - An der Woch
Déi kulturell Highlighte vun der Woch

Indie-Rock, vu blénkeg bis granzeg
Op sengem zweeten Abum "Real Deal" verwandelt de Londoner Trio d'Trauer iwwer eng gescheitert Bezéiung a spannenden Indie-Rock.

Myriam Muller a Sara Goerres am Gespréich
Den Théâtre du Centaure an de Kasemattentheater stellen hir nei Saison vir.

40+1: Gebuertsdag vun der Escher Kulturfabrik
Et ass kee ronne Gebuertsdag, trotzdeem gëtt d’Feier ganz grouss opgezunn. Geplangt fir Oktober an ufanks November si Concerten, Spektakel, Workshoppen, Filmseancen, Liesungen, Ausstellungen ...
