De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Klassesch Musek Open-Air
De Leo Halsdorf spillt Solo-Cor bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, mee programméiert zanter e puer Joer och Open-Air-Concerten zu Käerch am Gréiweschlass.
The White Lotus
Eng Serie, déi eis mat an e Vakanzen-Idyll hëlt. Et stellt sech awer no an no eraus, datt net alles esou schéin ass, wéi een den éischten Ament kéint mengen.
D'Sonnerie Nationale
Nationalfeierdag steet virun der Dier an niewent dem Wilhelmus gëtt wärend de Festivitéiten och d'Sonnerie Nationale gespillt. Mee wat sinn d'Urspréng vun dëser Kompositioun?
Kënschtler:innen nom Reality Check
Net fir all Gëft gëtt et e Géigegëft.
"Clamser à Tataouine" vum Raphaël Quenard
Deen éischte Roman vum franséische Schauspiller an der Kritik
Whisky
Eng BD, geschriwwe vum Bruno Duhamel a gezeechent vum David Ratte.
Dieren tëschent Museksgenren opmaachen
D'Cité musicale-Metz huet déi nei Saison 2025/26 virgestallt. An dat mat engem bonte Mix tëschent de Kulturberäicher.
"Die tödliche Doris“ an der Galerie Requisite
E Beruff mat Zukunft: “Missverständniswisenschaftler”?
Kulturellt Tentakelwiesen
Gëschter (17.6.) hunn d’Bouneweger Rotonden hire Programm fir d’Saison 2025/26 virgestallt.
Musek am Atertdaul
5 Gemengen aus der Vallée de l'Attert tëschent der Belsch a Lëtzebuerg gi sech fir déi mëttlerweil 27. Editioun Rendez-vous beim Festival Musique dans la Vallée.
Nei am Kino
Den Nicolas Calmes verréit eis, wéi eng Filmer dës Woch ulafen.
"Versions des faits" am TNL
Am Gespréich mat der Nathalie Ronvaux an der Liss Scholtes
Lëtzebuerg, ee Fréijoersmärchen
Eng rhythmesch Kompositioun mat aussergewéinlechen Instrumenter
"Er hat dieses Klavier patentieren lassen"
Eng Biographie iwwer déi 90 Joer vum Pierre Nimax sen. Eng Biographie iwwer déi 90 Joer vum Pierre Nimax sen., déi méi verréit wéi dat, wat an der Lëtzebuerger Musekswelt gewosst an dokumentéiert ass.
De 15. Monodrama Festival an der Banannefabrik
Am Gespréich mat der Daliah Kentges an dem Steve Karier