De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir de Weekend net verpasse sollt.
Lëtzebuerger Literaturwelt an Trauer
De Schrëftsteller Pierre Joris huet eis am Alter vun 78 Joer verlooss.
Heartbeats
En neie Perkussiounsconcerto gëtt fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg opgeféiert. D'Solistin Vivi Vassileva spillt mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
Eng immersiv Videoinstallatioun am Ratskeller vum Cercle Cité
Reconnectioun mat der Welt duerch Reconciliatioun mat sengem eegene Kierper
De Pierre Joris huet eis verlooss
De Lëtzebuerger Schrëftsteller ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
"... et huet mäi Liewe geännert"
Am neien Episod vum opus 100,7-Podcast "Hanner den Téin" steet de Perkussionist an Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin Guy Frisch am Mëttelpunkt.
Am Gespréich mat der Elise Schmit
D'Elise Schmit iwwer "Vreckvéi", hir Iwwersetzung vum Simon Longman sengem Stéck "Gundog"
Hannah Ida
D'Lëtzebuerger Musekerin huet nei Musek dobaussen. Mir hu mat hir doriwwer geschwat.
Mel Bonis: Eng verstoppten Identitéit mat ville Facetten
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet.
Berlinale (10): Interview mam Lionel Baier
De Jeff Schinker huet sech zu Berlin mam Lionel Baier iwwer dee vu Red Lion koproduzéierte "La cache" ënnerhalen.
"Operette ist die ultimative Leidenschaft”
Operettegala mat Wiener Walzer am neie Centre culturel Machera, passend fir den 200. Gebuertsdag vum Johann Strauss II, deen 2025 gefeiert gëtt.
Filmkritik: "Confidenza"
Dem Daniele Luchetti säin Drama iwwer e Mann, dee sech selwer eng Fal gestallt huet, hunn de Michel Delage, Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi am Grousse Kino beschwat.
Berlinale (9)
Ee Gëllenen a siwe Sëlwer Bieren - an een dovu fir Lëtzebuerg
Um Radar - ënner der Woch
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.
Abléck an déi portugisesch Museksgeschicht
Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schaffe schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek.
Berlinale (8) De Bilan virun der Präisiwwereechung
Muer (22.2.) ass d’Präisveriwwerreechung vun der Berlinale, an et dierf ee gespaant sinn, wie mam Gëllenen, respektiv de sëllege Sëlwere Bieren heemgeet.
Hommage à Alexander Mullenbach
Lëtzebuerger Musek, eng Uropféierung an eng franséisch Komponistin. Dat fënnt een um Concertsprogramm, deen dee Geéierte selwer zesummegestallt huet.
Berlinale (6) Am Gespréich mat der Céline Camara
D'Schauspillerin spillt am Wettbewerb-Film "Reflet dans un diamant mort" eng mysteriéis Rivalin vum Geheimagent John D.