De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Euphoria Staffel 1
Am Moment kommen Episode fir Staffel 3 vun der Serie eraus, e gudde Moment fir op déi éischt Staffel zeréckzekucken.
"La Merde" op der Biennale zu Venedeg
Sot et eemol haart, fir Iech selwer: Kacka. Fillt dat sech verbueden un? Huet vläicht een Iech héieren?
Wou de Stil de Gehalt ass: en Ausbléck op den 79. Festival de Cannes
De Jeff Schinker an de Marc Trappendreher iwwer méiglech Highlighte vum 79. Festival de Cannes
Die Leute hier sind nicht echt: "Hysterikon" am Kasemattentheater
Am Gespréich mam Max Thommes an der Jil Devresse
Glücklich und bedeutsam: "Von Wunden und Wundern" am Kaleidoskop Theater
Am Gespréich mat der Sara Goerres, der Rosalie Maes an dem Dominik Raneburger
Fënnef Joer Messtival: am Gespréich mam Julien Primout
De Messtival, een nach relativ jonke regionale Festival, geet schonn a seng fënneft Ronn a proposéiert ee Line-Up tëschent Best Of a jonke Stëmmen.
"Nabucco" am Groussen Theater
Deen englesch-italieeneschen Dirigent Gaetano Lo Coco dirigéiert d'Lëtzebuerger Philharmoniker an dëser moderner Mise en scène vun der epescher Oper.
It's the past that is uncertain: d'Larisa Faber iwwer "The Land We Shared"
Am Gespréich mat der Larisa Faber iwwer hir Produktioun "The Land We Shared"
Jickeclub - Fake LXB
Lëtzebuerg ass fake, dovu sinn de Serge Tonnar, de Rom "Wäissen" Christnach an den Dirk Kellen iwwerzeegt.
Wéi kann een den Holocaust am Film duerstellen?
Mat senger Verfilmung vum Peter Weiss sengem klasseschen Theaterstéck "Die Ermittlung" iwwer den éischten Auschwitz-Prozess huet de Rolf-Peter Kahl eng méiglech Optioun gewisen.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "A Sad and Beautiful World"
Aus dem Libanon kënnt dëse romanteschen Drama, deen esou ambivalent ass wéi d'Liewen.
Theater. Kollektiv
D'ILL (Independent Little Lies) féieren den 30. Gebuertsdag mat engem Film.
"The Night Of"
No enger laanger Nuecht fënnt sech den Nazir op eemol am Zentrum vun engem Mordfall erëm. D'Serie erzielt eng däischter Geschicht iwwer Schold, Zweifel, Wouerecht a Gerechtegkeet.
Esou war de Rosalía Concert zu Köln
Eng ausverkaaften Arena, reliéise Kitsch an e Grapp voll Hits
The Disliked - Nei EP a Release-Concert
Zanter 23 Jore spille The Disliked zu Lëtzebuerg Punk, Ska a Raggae. De Samschdeg kënnt an de Rotonden hir nei EP "The Zoo" eraus. Ee Gespréich mam Gittarist Cedric Metz