De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Anne Sauber-Lemaître - Vengeance programmée
Mëssbrauch an der Kandheet a d'Konsequenzen
De Materialdesigner Jules Péan experimentéiert mat New Rocks a Potatoes
Eng Installatioun fir iwwer Nohaltegkeet an den emotionale Lien zu Objeten nozedenken
The Studio
Eng satiresch Comedie déi Hollywood subtil kritiséiert. Dës Serie huet an hiren 10 Episoden ëmmer nees eppes Neies ze bidden. Am ganzen huet d’Produktioun 13 Emmy Awards gewonnen.
Amélie Vrla - Enfanter une étoile qui danse
E Kand kréien oder net? Keng einfach Decisioun...
Am Gespréich mam Pascal Schumacher
De Pascal Schumacher iwwert den Reset Jazz Festival am neimënster.
ROUNDTABLES fir 50 Joer Casino a Mudam ze feieren
Eng Gebuertsdagsaktioun fir en tatsächlechen Échange tëscht Kënschtler:innen a Public
Roland Meyer – Um Horizont
Wien däerf wat , a wisou net oder dach?
Vu Selbstmord, Cyber-Mobbing, der Shoah an enger Familljegeschicht
Mat “norway.today”, “Michelle doit-on t’en vouloir d’avoir pris un selfie à Auschwitz?” an “Le siècle de Lucia” rezenséieren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker dräi Stécker
Nei Direktioun am Mierscher Theater
Am August iwwerhuelen de Pit Ewen an den Olivier Garofalo d'Leedung
Kulturtouristen tëscht Erwaardung, Desorientéierung a Lethargie
Dem Olivier Schillen seng Fotoe wierken inszenéiert, sinn awer reng Zoufallsproduiten
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Film vun der Woch: "In die Sonne schauen" (Sound of Falling)
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dësen transhistoreschen däitschen Drama.
D'Welt ass midd (3) Dräimol literaresch Apokalypse
An "Les Dernières Écritures" (Hélène Zimmer), "Le monde est fatigué" (Joseph Incardona) an "La confrontation" (Clara-Dupont-Monod) geet et ëm d'Zukunft vun der Mënschheet.
D'Welt ass midd (2) Dräimol literaresch Apokalypse
An "Les Dernières Écritures" (Hélène Zimmer), "Le monde est fatigué" (Joseph Incardona) an "La confrontation" (Clara-Dupont-Monod) geet et ëm d'Zukunft vun der Mënschheet.
D'Welt ass midd (1) Dräimol literaresch Apokalypse
An "Les Dernières Écritures" (Hélène Zimmer), "Le monde est fatigué" (Joseph Incardona) an "La confrontation" (Clara-Dupont-Monod) geet et ëm d'Zukunft vun der Mënschheet.
Eurosonic Spezial
Live vu Groningen, mat Gespréicher mat de Lëtzebuerger Kënschtler, déi um Festival optrieden.
Mr. Mercedes
Eng Thrillerserie, déi op enger Roman-Trilogie vum Stephen King baséiert.
Chansons d'amour
Déi däitsch-Lëtzebuerger Kënschlerin Adrienne Haan iwwer hir Musek an iwwer d'USA
"Seven Methods of Killing Kylie Jenner"
Nom Wedekind sengem "Frühlingserwachen" inzenéiert d'Anne Simon ee rosent, deels awer och humorvoll Stéck iwwer strukturelle Rassismus am Théâtre du Centaure.