arrow_back_ios
Moiesstudio
Quadrell an Däitschland
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld)
An der leschter Woch vum däitsche Walkampf stounge sech gëschter déi 4 Spëtzekandidaten a -kanditatinne géigeniwwer. De Robert Habeck vun de Gréngen, d'Alice Weidel vun der AfD, den Olaf Scholz vun der SPD an de Friedrich Merz vun der Union hunn ënner anerem iwwer d'Theema Migratioun debattéiert.
Episoden

Max Hahn an der Kritik
D'Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten" kritiséiert de Familljemininster wéinst enger Ausso an Zesummenhang mat der Wanteraktioun. De Serge Kollwelter erkläert, wourëms et geet.

D'Konscht vum Uebstbamschneiden
Wéi schneit een en Uebstbam richteg? Den Naturschutzsyndikat Sicona hat op e Cours invitéiert. Experten aus Thüringen hu gewise wéi wichteg déi richteg Fleeg fir de Bam ass.

Ausrutscher oder Negativtrend?
Wéi beurteelt den Ex-Nationalspiller Chris Philpps déi enttäuschend Nations-League-Campagne vun der Fussball-Nationalekipp?

Wéi gesi Lëtzebuerger Medienhaiser d'Notze vum Elon Musk senger Plattform X?
X ass niewent Haasskommentaren och ëmmer erëm wéinst dem Verbreede vu Falschnoriichten an d’Schlagzeile geroden.

Wat sinn d'Knackpunkten op der internationaler Klimakonferenz zu Baku?
Mir froen den Andrew Ferrone vum Ëmweltministère.
De Kéiseker ass potentiell vum Ausstierwe bedrot
Jiddweree kann awer a sengem eegene Gaart dofir suergen, datt de Kéisecker sech wuelfillt.
Wien ass alles an der neier Trump-Regierung vertrueden?
Mir froen eise Korrespondent zu Washington.

BMX-Freestyle-Flatland-EM
Op der BMX-Freestyle-Flatland-EM an de Rotonden zu Bouneweg krut de Fransous Matthias Dandois seng drëtt Goldmedaille op enger Europameeschterschaft. Bei de Frae wënnt d'Ungarin Anna Mondisc Gold.

De G20-Sommet zu Rio am Schiet vum Donald Trump
Eise Korrespondent op der Plaz erkläert firwat.
Wien ass alles an der neier Trump-Regierung vertrueden?
Mir froen eise Korrespondent zu Washington.

No Covid: Si mir elo besser op déi nächst Pandemie preparéiert?
Mir froen de Professer Markus Ollert vum Luxembourg Institute of Health.
De Gewënner steet fest!
Den Cellist Matis Grisó, 18 Joer, huet déi zweet Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben gewonnen.
Lëtzebuerger Buchpräis 2024
An der Kategorie Literatur gewënnt d'Kuerzgeschicht "Mutterrache" vun der Margret Steckel.
Telekommunikatiounsservicer matenee vergläichen
Gëschter (14.11.) ass d'Online Plattform smartcompare.lu online gaangen.

Wéi sécher ass déi jiddesch Communautéit zu Lëtzebuerg?
Mir froen den David Weis, President vun der liberaler jiddescher Communautéit zu Esch.

Ukrainesch Buergermeeschteren op Besuch zu Stroossen
De Buergermeeschter vu Stroossen Nico Pundel (CSV) hat gëschter (13.11.) dräi ukrainesch Buergermeeschtere bei sech an d’Gemeng invitéiert.

Staatsot: Francine Closener schwätzt vun "arrogantem Ëmgang"
De Vott iwwer de fräie Posten am Staatsrot ass gëschter net esou ausgaange wéi erwaart, virop net fir d’LSAP. D'Parteipresidentin seet, hei wier mat engem jorelaange Konsens gebrach ginn.

CREOS-Projet: Variant vun 380-Kilovolt-Stroumleitung gouf zeréckbehalen
Gëschter, 12.11., huet den Ëmweltminister Serge Wilmes eng Variant fir déi ëmstridden 380-Kilovolt-Leitung proposéiert.

"Winterreise" am Kapuzinertheater
Zanter leschter Woch leeft d’Stéck, geschriwwe vun der éisträichescher Schrëftstellerin Elfriede Jelinek, déi 2004 de Litareturnobelpräiss kritt hat.
