arrow_back_ios
Moiesstudio
Quadrell an Däitschland
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld)
An der leschter Woch vum däitsche Walkampf stounge sech gëschter déi 4 Spëtzekandidaten a -kanditatinne géigeniwwer. De Robert Habeck vun de Gréngen, d'Alice Weidel vun der AfD, den Olaf Scholz vun der SPD an de Friedrich Merz vun der Union hunn ënner anerem iwwer d'Theema Migratioun debattéiert.
Episoden

Israel: Pressefräiheet a Gefor?
Nodeems d’israeelesch Regierung de Büro vun der Tëleeschaîne Al Jazeera zu Ramallah zou gemaach huet, gesi Mënscherechtsverbänn d’Pressefräiheet a Gefor.

Médecins du Monde
D'Associatioun huet schwiereg Méint hanner sech, hire President Bernard Thill gëtt Explikatiounen.

Wéi gesäit e moderne Filmstudio aus?
D'Filmstudioen zu Kielen brauchen nei audiovisuell digital Equipementer fir der technologescher Evolutioun gerecht ze ginn. Een Zil ass et mat engem LED-Ecran digital Dekore bei den Tournagen ze proposéieren.

Wandpark Nordenergie: Eng Wandmillen, Stroum fir 7.400 Leit
De Wandpark Nordenergie beim Karelshaff zu Colmer-Bierg gouf gëschter Owend a Presenz vum Premier Luc Frieden an dem Energieminister Lex Delles ageweit.

Visitt vum Poopst: Wéi kënnt een am Beschten an d'Stad?
D'Stater Buergermeeschtesch huet gëschter Detailer ginn.

Firwat huet de Ben Polidori sech fir d'LSAP decidéiert?
De Maurice Molitor schwätzt mam fréiere Piraten-Deputéieren iwwer seng nei politesch Heemecht.

Afrikanesch Schwéngspescht: Wéi grouss ass d'Gefor?
Mir froen de Carlo Dahm vun der Veterinärsverwaltung.

Optakt vun der Drauwelies
D'Drauwelies fänkt un. Déi eng Wënzer si schonn amgaangen, déi aner sinn nach an de Startlächer.

Op Patrouille mat der lokaler Police
Droge sichen, Passagë fräiraumen oder Automobilisten op d'Reegele vum Code de la Route hiweisen. D'Missioune vum neien Dispositif si villfälteg.

EU-Resilienz-Fong: Firwat gëtt net méi drop zeréckgegraff?
D'EU wëllt iwwer dëse Fong eng 700 Milliarden Euro fir nohalteg Projeten zur Verfügung stellen. Mee d'Ëmsetzung schleeft.

Keen Handy am Lyçée
Am Schengen-Lycée gëtt e generellen Handyverbuet zanter Joren ëmgesat. Mir hunn nogefrot, wéi Schüler, Enseignanten an och d'Direktioun déi Situatioun erliewen.

Caritas-Affär
Schwéier Konsequenzen am Südsudan

Djuna Bernard iwwer d'Caritas-Affär
Déi gréng Oppositiounsdeputéiert am Interview mam Maurice Molitor iwwer den aktuellste Stand no der Bedruchsaffär bei der Caritas.

Kontrollen an Ëmkrees vun 30 Kilometer ronderëm d’Grenz
De Méindeg (16.9.) hunn déi vun Däitschland ugekënnegt verstäerkt Grenzkontrollen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg ugefaangen.

Och d'Elteren hunn haut Rentrée
Gespréich mat der Danièle Moes vun den Elterevertrieder Réimech iwwer Virfreed a Stress ronderëm de 15. September an d'Elterenaarbecht an enger Schoul mat villen Erausfuerderungen.

Schoulrentrée: Enseignanten an Enseignanteën, déi nei am Beruff ufänken
Fir d‘Lena De Lorenzi an den Thibault Pepin ass d‘Schoulrentrée een neit Kapitel. Si fänken haut als Enseignant:e un.

Zwee Méint nom Finanzbedruch: Caritas a Schierbelen
D'Caritas krut 61 Milliounen Euro geklaut. Dat ass virun zwee Méint opgeflunn. Mëttlerweil ass kloer, datt vun der Caritas net méi vill Rescht bleift.
