arrow_back_ios
Moiesstudio
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Dat bréngt den Dag
Chamberdebatten iwwer LGBTQIA+-Themen an der Schoul, d'Aarbechten um Eisebunnsreseau an nohalteg Landwirtschaft

Auschwitz 80 Joer no der Befreiung
Verschidde Visiteuren si sech der symbolescher Bedeitung vun der Plaz haut net méi bewosst. E Reportage dozou vun eisem Korrespondent Adrien Sarlat.

Stëmme fir d'Erënnerung
D'100,7-Mataarbechterin Natasha Ehrmann huet an engem Podcast d'Temoignagë vun de leschte Lëtzebuerger Iwwerliewende vun der Shoa gesammelt. Domat wëllt si d'Memoire erhalen a verschafft och hir eege Familljegeschicht.

Wéi kënnen Demokratie a Rechtsstaat ënnert dem Donald Trump garantéiert bleiwen?
Froen un de Politolog Robert Harmsen vun der Uni Lëtzebuerg.

E-Auto: wéi eng Born ass déi richteg fir mech?
Den Direkter vun der Klimaagence, Fenn Faber, weess wéi eng Borne wat kann.

"La poupée monte le son" fir den ESC 2025
D'Sängerin Laura Thorn huet den nationale Virentscheed fir d'Eurovisioun zu Basel gewonnen.
Dat bréngt den Dag
Gedenkfeier fir den 80. Joresdag vun der Befreiung vum Kazett Auschwitz-Birkenau, Stater Gemengerot, Neijoerschpatt vun déi Gréng

Ëmweltfrëndlech Hëtzen: Am Minett ass Geothermie eng Optioun
Rezent Miessungen am Süde vum Land hunn erginn, datt waarmt Waasser aus grousser Déift ka genotzt ginn, fir ganz Quartieren ze hëtzen.

10 Rotschléi ier een en neien Auto keeft
Wéi een Typ Auto? wéi eng Motorisatioun? Virum Autosfestival erkläert de Frank Maas vum ACL, op wat een alles oppasse muss.

Countdown bis de Luxembourg Song Contest
Muer denowend wësse mir, wie Lëtzebuerg am Mee um Eurovision Song Contest zu Basel vertriede wäert.

Gesprengte Geldautomaten: Ass et iwwerhaapt méiglech Suen ze klauen?
Mir hu bei der Raiffeisen-Bank nogefrot, déi gëschter betraff war.

Präishausse vu 25 Prozent: D'Restaurante sinn däitlech méi deier ginn
Rezent Zuele vum Statec weisen, datt d'Präisser an de Restauranten a Caféen iwwer déi lescht 5 Joer staark geklomm sinn. Mir hu bei der Horesca nogefrot firwat.

D'Aggressioune géint d'Spidolspersonal huelen zou
Mir froen d'Presidentin vun der Infirmièresassociatioun ANIL, d'Anne-Marie Hanff, wat een dogéint maache kann.

Online-Plattform zum Thema Autismus
Um Site www.hasilux.lu fanne Betraffener, Elteren oder och Enseignanten eng ganz Rei nëtzlech Informatioune ronderëm d'Thema Autismus. D'Joanne Theisen an de Gérard Kieffer hunn déi Plattform op d'Bee gestallt.

Wéi wäit ass de Chantier vum Hotel des Postes um Aldringen?
Iwwer 100 Joer laang war am sougenannten “Hotel des Postes” um Aldringen an der Stad den Haaptsiège vun der Post. Elo ënnerläit d’Gebai enger gréisserer Transformatioun: bis Mëtt 2026 soll doraus ee Luxushotel entstoen.

Mussen d'Gemenge méi streng kontrolléiert ginn?
D'Gemengegewerkschaft FGFC fuerdert no rezente Skandaler manner Gemengenautonomie, a méi Kontroll. Wat halen d'Gemenger dovun? Mir froe bei hirem Verband no, dem Syvicol.

Flüchtlingsstrukturen: Firwat gi Leit virun d'Dier gesat?
Den Accueilsminister Max Hahn betount datt Leit, déi keen Asyl kréien, d'Flüchtlingsstrukture vum ONA verloosse missten. Mir hu mat enger jonker Koppel geschwat, déi an dem Fall ass.
Dat bréngt den Dag
Chamberplénière, Protestpiquet vum SEW a weider Neijoerschpätt
