Radioen

On air

9 bis 1  |  Bruno Berle - New Hit

play_arrow Live
arrow_back_ios

Europa Aktuell

100komma7.lu / Europa Aktuell

/ Fräiwëlleg Koalitioun als realisteschst Optioun

Fräiwëlleg Koalitioun als realisteschst Optioun

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Nom Eclat am Wäissen Haus e Freideg gouf et vill Solidaritéits-Messagë vu Säite vun den europäesche Leaderen un d’Adress vum ukrainesche President. En Donneschdeg gesi si sech op engem Spezialsommet vun der Europäescher Unioun, fir iwwer d'Ënnerstëtzung a Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain ze schwätzen. Mee wéi gëeent ass d’Europäesch Unioun iwwerhaapt a mat wat kann d’Ukrain konkret rechne vun europäescher Säit? Eng Aanalys vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Episoden

Nach ëmmer keen neie Premier | © Bigstock

Nach ëmmer keen neie Premier

Frankräich waart op d'Decisioun vum President Marcron. Wat denkt d'Deputéiert Isabelle Rauch (aus der Moselle) iwwer déi ablécklech Situatioun?
headphones

8 min

play_arrow
Wie gëtt nächste Premier a Frankräich? | © Bigstock

Wie gëtt nächste Premier a Frankräich?

Mir froen eise Paräis-Korrespondent, wien als neie Premier oder Premier-Ministesch a Fro kënnt, a wat passéiert, wann hien oder si bis ernannt ass.
headphones

5 min

play_arrow
Debatten iwwer d'Réckféierung vu Syrer an Däitschland

Debatten iwwer d'Réckféierung vu Syrer an Däitschland

Déisäits der Musel liewe knapp eng Millioun Syrer, wéi geet et elo fir si weider?
headphones

5 min

play_arrow
Hansen trëfft Hansen | © European Council

Hansen trëfft Hansen

Nom éischten Agrarminister-Conseil mam Martine a Christophe Hansen steet fest: D'Lëtzebuerger Landwirtschaftsministerin setzt grouss Hoffnungen an deen neien EU-Agrar-Kommissär.
headphones

5 min

play_arrow
Europaparlament: Kemp ersetzt Hansen | © Jo Diseviscourt

Europaparlament: Kemp ersetzt Hansen

Et ass scho fir déi zweete Kéier, datt déi 30 Joer jonk CSV-Politiker Martine Kemp fir de Christophe Hansen noréckelt. Si ass fir en Interview live am Moiesstudio.
headphones

6 min

play_arrow
Mercosur: Ofschloss vu Verhandlungen trotz Nee vu verschiddene Memberlänner

Mercosur: Ofschloss vu Verhandlungen trotz Nee vu verschiddene Memberlänner

D'Kommissiounscheffin ass op Montevideo gereest, fir d'Verhandlunge vum Handelsaccord mat de Mercosur-Länner ofzeschléissen. Ob deen Accord majoritär vun EU-Parlament a Memberstaaten ugeholl gëtt, ass nach onkloer.
headphones

6 min

play_arrow
Wat sinn dem Emmanuel Macron seng Optiounen? | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto

Wat sinn dem Emmanuel Macron seng Optiounen?

Nodeems déi aktuell Regierung a Frankräich gestierzt gouf, ass et elo d'Sich no engem neien Numm fir de Premierposten an enger Regierungskonstellatioun, déi mei Stabilitéit bréngt.
headphones

4 min

play_arrow
Fëmmen: Keng nei Verbueter zu Lëtzebuerg virgesinn

Fëmmen: Keng nei Verbueter zu Lëtzebuerg virgesinn

D’EU-Länner recommandéiere méi streng Reegele géint d’Fëmmen - virun allem dobaussen. Lëtzebuerg steet dohannert, huet awer net wëlles national Gesetzer ze änneren, seet d’Gesondheetsministerin Martine Deprez.
headphones

5 min

play_arrow

D'Regierung Barnier virum Aus

Warscheinlech gëtt e Mëttwoch an der Assemblée nationale eng Motion de censure vun der Gauche an dem RN ugeholl. Explikatioune vum Max Tholl, dem 100,7-Korrespondent a Frankräich.
headphones

5 min

play_arrow

Fernand Kartheiser: “Ech fille mech wuel a menger Fraktioun”

D’Positioun vum Fernand Kartheiser iwwer de Konflikt an der Ukrain widdersprécht där vun der ECR a läit méi no bei där vun de “Patriote fir Europa”. Ee Wiessel ass fir de Moment net virgesinn, mee och net ausgeschloss.
headphones

5 min

play_arrow
Fernand Kartheiser: “Ech fille mech wuel a menger Fraktioun”

Fernand Kartheiser: “Ech fille mech wuel a menger Fraktioun”

D’Positioun vum Fernand Kartheiser iwwer de Konflikt an der Ukrain widdersprécht där vun der ECR a läit méi no bei där vun de “Patriote fir Europa”. Ee Wiessel ass fir de Moment net virgesinn, mee och net ausgeschloss.
headphones

5 min

play_arrow
"De Poste vum Vizepresident gëtt iwwerschat"

"De Poste vum Vizepresident gëtt iwwerschat"

De Christophe Hansen ass als Agrarkommissär dem Italieener Raffaele Fitto ënnerstallt. Dat mécht him awer keng grouss Suergen, seet hien am 100,7-Interview.
headphones

5 min

play_arrow

EU-Parlament stëmmt iwwer von der Leyen II of

Vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert kéinten der um Enn just zwee fir déi nei Europäesch Kommisisoun stëmmen. No de Fraktiounssëtzungen am Europaparlament gesäit et awer gutt aus fir d’Ursula von der Leyen.
headphones

5 min

play_arrow

Manner kal Loft zu Bréissel?

D'Hearinge vun den neien EU-Kommissären hunn zu Bréissel fir Tensioune gesuergt. De Sträit tëschent de Fraktiounen huet sech zwar e bësse geluecht, mee et bleift net ausgeschloss, datt weider Problemer optauchen.
headphones

4 min

play_arrow
Mercosur: No bal 25 Joer ass den Deal nach net perfekt | © picture alliance/dpa | Myke Sena

Mercosur: No bal 25 Joer ass den Deal nach net perfekt

D'Negociatioune mat de fënnef südamerikanesche Länner, déi ee gemeinsame Marché, de Mercosur, deelen, solle bis Ufank Dezember ofgeschloss sinn. Nach awer ass et net esou wäit.
headphones

5 min

play_arrow
EU-Parlament wénkt Kommissären a Kommissärinnen duerch | © European Parliament

EU-Parlament wénkt Kommissären a Kommissärinnen duerch

EVP, Sozialisten a Liberal schléissen een Accord of a maachen de Wee fräi fir déi nei EU-Kommissioun.
headphones

6 min

play_arrow
Kënnt et zum SPD-Putsch géint den Olaf Scholz?

Kënnt et zum SPD-Putsch géint den Olaf Scholz?

Eng Analys vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch
headphones

4 min

play_arrow
Aussepolitesch Deklaratioun ouni Visioune fir d'EU

Aussepolitesch Deklaratioun ouni Visioune fir d'EU

De Xavier Bettel huet villes gesträift, awer kaum konkret Ablécker an dat ginn, wat een EU-politesch vun der Lëtzebuerger Regierung ze erwaarden huet, mengt d'Danièle Weber a senger Analys.
headphones

11 min

play_arrow

De groussen Test

D'Hearinge vun den zukünftegen EU-Kommissäre si gutt verlaf, bis dës Woch dee vun der Spuenierin Teresa Ribera aus dem Rudder gelaf ass. D'Spannunge si grouss, an d'Ursula von der Leyen muss no Léisunge sichen.
headphones

5 min

play_arrow
Koalitioun am EU-Parlament: “Et traut keen deem anere méi”

Koalitioun am EU-Parlament: “Et traut keen deem anere méi”

De Prozess fir d'EU-Kommissären a Kommissärinne guttzeheeschen ass am EU-Parlament blockéiert. D'Sozialiste reprochéieren der Europäescher Vollekspartei mat der pro-europäescher Koalitioun ze briechen.
headphones

5 min

play_arrow