arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Europa Aktuell
Episoden

Europaparlament: Éischt Reunioune vun de Fraktiounen
D'Europaparlament zu Bréissel gëtt no zwee Méint Paus wärend dem Walkampf nees wakereg. Zu Bréissel sinn dës Woch scho vill al an nei Deputéiert ukomm.

G7-Sommet
Vun haut Donneschdeg un treffe sech an der Regioun Apulien a Süditalien d'Staats- a Regierungscheffe vum G7, de Grupp vu siwe vun de räichste westleche Länner, plus d'Europäesch Unioun.

Spëtzekandidatin op der Sich no Majoritéiten
Wie gëtt neie Chef vun der Europäescher Kommissioun? Oder bleift et ganz einfach bei där aktueller Cheffin - der Ursula von der Leyen? Si huet gutt Chancen - mee eens ass ee sech nach net.

Frankräich: De President setzt op Risiko
A Frankräich hunn d'Europawalen ee politescht Ärdbiewen provizéiert. Wat geschitt elo, nodeems de President gëscht direkt Neiwalen ausgeruff huet?
Tendenz no riets
International Reaktiounen no den Europawalen
D-Day an Europa
D'Europawalen si méi wéi jee determinant fir d'Zukunft vun der EU - dovun ass den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF iwwerzeegt. De Grond: de Rietsruck, dee méiglecherweis bevirsteet.

Europawalen: Wéi war d'Campagne, wat soen Sondagen, wéi geet et virun?
D'Europawalen hunn ugefaangen - Zäit fir op d'Walcampagne zeréckzekucken. Wéi ass se ofgelaf an de verschiddene Länner, wéi eng Sujeten hunn dominéiert?

Spuenien: Rietsextreem dominéieren am Walkampf
D'Extrême Droite kéint a Spuenie fir eng Iwwerraschung suergen. D'Europawale gëllen iwwerdeems och als Test fir d'Regierung, déi zanter engem Joer am Amt ass.

Portugal: Rietspartei Chega setzt Migratioun als Walkampftheema Nummer 1
A Portugal ass op eemol d‘Migratioun een Haapttheema am Walkampf fir d'Europawalen. Dat läit virun allem un der riets-extreemer Partei Chega.

Wiele vu 16 Joer un: Eng Première an der Belsch
Bei eisen Noperen an der Belsch an an Däitschland dierfen e Sonndeg bei den Europawalen fir d'éischte Kéier Jonker vu 16 Joer u wiele goen. Wéi kënnt dat un?

Leschte Walowend mam Marine Le Pen a Jordan Bardella
D'Spëtzevertrieder vun deenen, déi de Sondagen no virleien, d'Marine Le Pen an de Jordan Bardella, sinn zu Paräis virun den Unhänger vum Rassemblement National opgetrueden.
Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt
De Walkampf an der EU: Journaliste-Kolleegen a Kolleginnen schwätzen iwwer den Oflaf vun der Campagne an hirem Land.

Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann
Dem Spëtzekandidat vun de franséische Sozialisten, de Raphaël Glucksmann, kéint den Duerchbroch bei den Europawale gelengen. Zu Paräis krut hien Ennerstëtzung vum Nicolas Schmit.
Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt
De Walkampf an der EU: Journaliste-Kolleegen a Kolleginnen schwätzen iwwer den Oflaf vun der Campagne an hirem Land.

Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef
Ungarn ass dat eenzegt EU-Land, wat bis elo net d'accord ass, der Ukrain weider Hëllefen zoukommen ze loossen. Déi aner EU-Länner kënne net vill dogéint machen.

EU an Unerkennung vun engem palästinensesche Staat
D’Situatioun am Noen Oste war op en Neits ee vun de Sujeten gëschter bei der Reunioun vun den Ausseministere vun de 27 EU-Länner.

Frankräich: Wat mécht den Rassemblement National a Frankräich esou staark?
Leschten Donneschdeg stounge sech den RN-Spëtzekandidat Jordan Bardella an de Premierminister Gabriel Attal an engem Televisiounsdebat géigeniwwer an hunn hir Visioune fir Europa verdeedegt.
EU - net nëmmen eng Saach vun der Definitioun
D’EU ass net konkret genuch, si ass schwéier ze paken ze kréien an hir politesch Vertrieder nach méi – déi Kritik ass dacks ze héieren, och am Virfeld vun den Europawalen a gutt zwou Wochen.
