Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden

Rentrée littéraire (6) Vun Zivilkricher a Genoziden: "Houris" vum Kamel Daoud a "Jacaranda" vum Gaël Faye
De Jeff Schinker hëlt de Prix Goncourt an de Prix Renaudot ënner d'Lupp

Den Dram vum Grunge
War der Florence Besch hiren éischten Album "Hi Now Hello" nach fest am Singer-Songwriter-Genre verwuerzelt, esou léisst si sech um Nofollger "Gathering Hearts" inspiréiere vun Nirvana, Patti Smith an Hole.

No um Publikum
De Sänger Benedikt Wesner wëllt de Publikum mat a seng Musek zéien, esou, wéi wann e géif e Film erliewen.

19. Dezember: Centenaire vum Lëtzebuerger Moler a Manager Gust Graas
Zënter ufanks 2024 tourt d’Christiane Graas mat der Konscht vun hirem Papp duerch d’Kulturhaiser.
The Road vum Manu Larcenet
Eng BD vum Manu Larcenet, no enger Geschicht vum Cormack McCarthy

The Ancient Iwwert Afrofuturismus an Detroit
Ee Gespréich mat engem vun den zentrale Figure am Afrofuturismus Konschtmouvement vun Detroit

40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes
Eng grouss Editioun mat 148 Kandidat:innen: D'Micky Thein, d'Direktesch vun der UGDA Musekschoul, verréit méi.

D’ESAL-Laureatinnen 2024: Marianne Villière (F) a Clio Van Aerde (L)
Gëschter Owend goufen am Mudam d’Laureatinne vun den Edward-Steichen-Awards 2024 ausgezeechent.

Anne-Marie Reuter - M for Amnesia
D'Bespriechung vum dystopesche Roman aus dem Haus Black Fountain Press

Rising Stars
De jonke Braatschist Sao Soulez Larivière spillt am Kader vun der Serie Rising Stars 17 Concerte queesch duerch Europa. Dorënner och een zu Lëtzebuerg an der Philharmonie.

L I N am Gudde Wëllen
The Private is Political

Filmkritik: "Anora"
Dem Amerikaner Sean Baker seng duerchgedréite Palme d'Or gouf am leschte Grousse Kino beschwat.

Um Wee an d'Paradis
De Requiem vum Fauré an d'Fresken an der Diddelenger Kierch hunn eng Gemeinsamkeet: de Wee an den Himmel.

"Ech gesinn d'Liewen e bëssen als Tragicomedie"
E Gespréich mat der Lëtzebuerger Realisatrice Eileen Byrne iwwer hiren éischte Long métrage "Marianengraben".

Um Radar - ënnert der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir ënnert der Woch net verpasse sollt.

Déi "nei Pappen": Realitéit oder Wonschdenken?
Kritik vun der franséischer BD "L'Arnaque des nouveaux pères. Enquête sur une révolution manquée" (Glénat)

Rentrée littéraire (5) "Madelaine avant l'aube" vun der Sandrine Collette
Ee vun de véier Finaliste vum Prix Goncourt, deen de Méindeg decernéiert gëtt.

Halloween an Allerséilen um opus 100,7
En Halloween-Concert am Veianer Schlass, eng Halloween Playlëscht an den traditionelle Concert op Allerséilen an der Méchelskierch

Sektoriell Assise vum Danz
Wéi steet et mat der Professionaliséierung vum Danz a wéi eng Bedeitung huet d‘Maison pour la danse?
