Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Perfume Genius - On The Floor

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz

Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Luxemburg und der Zweite Weltkrieg

Eng Expo iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib wärend dem Zweete Weltkrich ass am Mierscher Literaturzenter ze gesinn.
headphones

6 min

play_arrow

"De Patrimoine liewe loossen"

Ënner dem Motto "Eisen Denkmalschutz funktionéiert net!" stoung virgëscht an der Stad eng Manifestatioun fir e bessere Schutz vum Bau- an Industrieierwen.

D'Geschicht vum Minett... vun ënnen

Historiker vun der Uni.lu encouragéieren de grousse Publik, d'Alldagsgeschicht vum Minett matzeschreiwen: mat Dokumenter, Fotoen, Erzielungen...
headphones

6 min

play_arrow

De Kulturpass feiert 10 Deeg laang 10. Gebuertsdag

Um 10. Gebuertsdag vum Kulturpass gouf dorun erënnert, datt all Mënsch e Recht op Kultur huet, well en sech duerch si verwierkleche kann.

Um Bam vun der Erkenntnis wuessen Euroen...

Wat mécht de Frick mat de Mënschen? "Comme s'il en pleuvait" -eng Boulevard-Komedie am Kapuzinertheater.

En Inventaire vum lëtzebuerger Patrimoine

Am Projet fir dat neit Patrimoine-Gesetz ass en Inventaire vun der eiser Baukultur virgesinn. Am SSMN gëtt zanter 4 Joer dorunner geschafft.

Rendezvous mat enger Charte am Nationalarchiv

Bis Enn Oktober presentéiert den Nationalarchiv e mëttelalterlechen Ablassbréif vun 1329, deen 2020 fir 20'000 Euro a seng Sammlung komm ass.

Filmkritik: "Babyteeth"

Déi australesch Komedie "Babyteeth" thematiséiert d'Kriibskrankheet vun engem jonke Meedchen op eng sensibel an intelligent Aart a Weis.

30 Schoule fir d'Journées du Patrimoine

Wien eng Schoul huet, huet e Land. Mee huet e Land och "seng" Schoulen? Der Fro sinn d'Julie Marthe Hoffmann an den Étienne Duval nogaangen.

Tournage Himbeeren mit Senf

De Kanner- a Jugendfilm Himbeeren mit Senf verzielt vun de ville Problemer, déi entsti wann een sech verléift.

Filmkritik: "Eng Äerd"

De Lëtzebuerger Documentaire "Eng Äerd" proposéiert alternativ Produktiouns- a Liewensweisen. Wéineg originell, monoton, onkritesch, mengt de Michel Delage.

Nei Filmer

Déi nei Woch am Kino! Wat gëtt et Extraes?

Performance Konscht als Activismus

"Are we there yet?" heescht d'Ausstellung, déi et déi nächste Méint an der Abtei Neimënster ze gesi gëtt.

CinEast-Festival 2020 trotz Covid

Déi 13. Editioun (8.-25. Oktober) wäert wéinst den Hygienes-Reegelen eng hybrid sinn: reduzéiert Kapazitéit an de Säll an Online-Offer.

Keng Plaz fir Kanner

De leschte Weekend ass am TNL mat "Objet d'attention" di nei Theatersaison agelaut ginn.

D'Geschicht vum Minett... vun ënnen

Historiker vun der Uni.lu encouragéieren de grousse Publik, d'Alldagsgeschicht vum Minett matzeschreiwen: mat Dokumenter, Fotoen, Erzielungen...

Guy Helminger a Romain Butti am Kinneksbond

Zwee Theaterstécker, déi sech mat de Suitten vum Covid 19 ganz ënnerschiddlech befaassen.

En "Island" am Mudam

Di indonesesch visuell Kënschtlerin Fiona Tan hëlt eis am Mudam mat hirem Video "Island" mat op eng ergräifend Billerrees a schwaarzwäiss.

Wirrwarr

'Wirrwarr' aus dem Suhrkamp Verlag mat Gedichter vum Hans Magnus Enzensberger a Graphike vum Jan Peter Tripp.

Biller vun enger Ausstellung: "Video Quartet"

De Kënschtler Christian Marclay huet Musiksequenzen aus 700 Filmer geschnidden an domat déi monumental Installatioun "Video-Quartet" kreéiert.