Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Multimedia-Kënschtler:innen hannerfroen eis digital Infrastrukture queesch duerch Esch
De Parcours “Cyber Structures” fir en Dialog tëschent Konscht, Wëssenschaft a breedem Public

Multimedia-Kënschtler:innen hannerfroen eis digital Infrastrukture queesch duerch Esch
De Parcours “Cyber Structures” fir en Dialog tëschent Konscht, Wëssenschaft a breedem Public

Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien: "Médecine douce" vum Nicolas Rey
Deen neie Roman vum Nicolas Rey ass eng zynesch Fabel iwwer Léift a Bedruch am spéide Kapitalismus.

“Left to Their Own Fate/ See Another Sea”: e Plaidoyer fir d’Konschtbuch
D’Konschtbuch fir d’Demokratisatioun vun der Konscht
"Er war eigentlich immer da seit dem 8. oder 9. Lebensjahr"
Den Eberhart Klotz huet sech scho vu Kand u mat der Musek vum Bruckner beschäftegt. Elo gi seng Uergel-Transkriptioune vun alle Sinfonien opgeféiert.

"Mat enger Zeechnung kann ech e Moment besser festhale wéi mat enger Foto"
E Gespréich mam franséischen Zeechner Loustal iwwer seng Virléift fir Miereslandschaften a Schëffer.

"Water, Water Everywhere, Nor Any Drop to Drink": "L'origine des larmes" vum Jean-Paul Dubois
Dem Jean-Paul Dubois säin éischte Roman nom Prix Goncourt ass een donkele Portrait vun engem Mann, dee säi Liewen am Schiet vum Doud verbréngt.

“Left to Their Own Fate / See Another Sea”: e Plaidoyer fir d’Konschtbuch
D’Konschtbuch fir d’Demokratisatioun vun der Konscht

"Feminine Isolation" - Fotosaustellung vun der Anna Krieps
D'Kënschtlerin iwwer hir Aarbecht, an där och ëmmer nees hir bekannte Schauspiller-Schwëster Vicky Krieps virkënnt.

Horse Jumper of Love
No “Heartbreak Rules”, engem Mini-Album, deen d’lescht Joer erauskoum, huet d’Band déi lescht Woch hire fënnefte Longplayer “Disaster Trick” erausbruecht, vläicht hire bis elo harmoneschsten.

D’Sylvie Meunier curatéiert d’Michel-Medinger-Expo fir Arles
Eng Curatrice vu Sète fir eng nei an neutral Vue op dem Fotograf Michel Medinger säi Wierk

Horse Jumper of Love
No “Heartbreak Rules”, engem Mini-Album, deen d’lescht Joer erauskoum, huet d’Band déi lescht Woch hire fënnefte Longplayer “Disaster Trick” erausbruecht, vläicht hire bis elo stëmmegsten.

Gros Coeur a Chaton Laveur: Déi belsch Zeen an der Rotonden
Gros Coeur spillen haut (21.8.) an de Rotonden um Congés annulés, zesumme mat hire Landsmänner Chaton Laveur, déi sech och an de 70er inspiréieren, mee éischter am Krautrock.

"Les Voyeuses“ an de Rotonden
Iwwerdimensional Diasbrëller, aktuell ausgestallt am Parvis vun de Rotonden an an de Stroossen nobäi: verlängert bis den 8. September.

Kulturagenda vun der Woch
All Kuturevenementer am Iwwerbléck

Kulturagenda vun der Woch
All d’Kuturevenementer am Iwwerbléck

Filmkritik: "Le Roman de Jim"
De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn dëse franséische Familljendrama am Grousse Kino beschwat.

Lëtzebuergesche Math-Rock an de Rotonden
Mat Mutiny on the Bounty a Cookie Jar Complot spillen den Owend zwou instrumental Rockbands vun hei an de Rotonden. E Gespréich mam Sven a Gilles vu Cookie Jar Complot
