Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden

Claudine Muno mat "ROFF"
En neit Buch, wou sech Fakten a Fiktioun zu Péiteng begéinen.

Berlinale (3) Am Gespréich mat der Sophie Mousel
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" an a "Reflet dans un diamant mort"

Filmkritik: "Rabia"
E franséischen Drama iwwer d'Radikaliséierung vu jonken Europäerinnen a Syrien. Extrait aus dem Grousse Kino

Uergelwei an der Ecole Sainte-Sophie
Eng nei Uergel gouf geweit

Lëtzebuerger Koproduktiounen op der Berlinale
De Bilan vun der éischter Hallschent vun der Berlinale

Um Radar - ënner der Woch
Wat fir Museks- a Kulturevenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.

Am Gespréich mam Brian Case vu FACS
D'Noise Band huet de Mëttwoch an de Rotondë gespillt.

Vältesdag an der klassescher Musek
Komponisten a Komponistinnen an d'Léift

Berlinale (1)
Een Abléck an den éischten Dag vum Filmfestival

Um Radar - de Weekend
D’Sté Bisenius verréit Iech, wat Dir de Weekend net verpasse sollt.

Endlech ... Vältesdag 2025 nees mat der Bridget Jones?
Flucht, drénkt, fëmmt: d'Bridget Jones elo och nach als Wittfra?

Kreativ an de Feierowend
Loscht, no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi ze kréien? An der Philharmonie gëtt et dofir "Your musical afterwork".

Rentrée littéraire (2) "Un perdant magnifique" vun der Florence Seyvos
Nom Frédéric Beigbeder sengem "Un homme seul" rezenséiert de Jeff Schinker ee weidere Roman vun der franséischer Rentrée littéraire, dee sech mat enger enigmatescher Pappefigur auserneesetzt.

Immersiv, explorativ, kontemplativ
De Georges Lentz huet Nei Musek fir Sträichquartett erausbruecht. Afloss op d'Kreatioun haten och Technik a The Noise String Quartet.

Eng gedeelte Geschicht häpperchersweis
De kënschtleresch experimentelle Projet “La Capsule”
“It is like going on a girls trip”
Déi zéng Musekerinne vun tenThing Brass spille fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer.

Op der Bün: "Leuchtfeuer" a "Sarah et Hugo"
"Leuchtfeuer" vun der Nancy Harris an enger Mise en scène vum Fabio Godinho a "Sarah & Hugo" vum Daniel Keene an enger Mise en scène vun der Véronique Fauconnet
Nika Schmitt an Ego/Egal
Bilan vun der Nika Schmitt hirer Kënschtlerinneresidenz zu New York

Filmkritik: "Riefenstahl"
En Documentaire iwwer d'Nazi-Vergaangenheet vun der däitscher Cineastin Leni Riefenstahl
