Wäiss, wollen Déier am Wäibierg? Jo, Dir gesitt richteg. Laanscht d’Musel ginn ëmmer méi Schof als natierlech Alternativ zu Maschinnen an Herbizid agesat. Op knapp 15 Hektar Wéngerten uechter d’Museldall grasen d’Déieren. Dat Ganzt ass Deel vun engem Fërderprogramm, deen de SIAS zesumme mat der Regierung ausgeschafft huet. Och an de Wéngerte vum Domaine Aly Duhr zu Ohn sinn eng 40 Schof am Asaz a këmmere sech ëm d’Onkraut.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Schof an de Wéngerten
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: picture alliance / imageBROKER | Ulrich Rosenschild)
Episoden

Defense: wéi eng Investitioune plangt Lëtzebuerg?
Lëtzebuerg muss seng Verteidegungs-Ausgaben an den nächste Jore vervéierfachen: Wat ass geplangt? En Interview mat der Ressortministesch Yuriko Backes.
Buergbrennen: Déi lescht Preparatioune lafen
Mir hunn zu Kanech nogefrot, wat an den nächste Stonne nach muss gemaach ginn, fir datt de Weekend alles prett ass.

Fraen schaffen dacks Deelzäit - an dat huet Konsequenzen
36% vun de Fraen hei am Land schaffen manner wéi 40 Stonnen an der Woch, bei de Männer sinn et just 8 Prozent. A manner schaffen, fir zb no der Famill ze kucken, huet spierbar finanziell Konsequenzen.
Dat bréngt den Dag
Protestpiquete vun OGBL an LCGB égint méi laang Ëffnungszäiten, Pressekonferenz vun Déi Gréng „ Demokratie, Wuelstand a Sécherheet schützen - Elo an d’Zukunft investéieren!" an Inauguratioun vun engem neien Eltereforum zu Ettelbréck

De Gaarderoutschwanz ass de Vull vum Joer
Mir hunn de Jim Schmitz vun der ASBL Natur&Ëmwelt gefrot, wéi een dee Vull bei sech am Gaart erkennt.

Wat mécht de Kriminolog?
Net onbedéngt dat, wat déi meescht Leit sech virstellen, seet de President vun der Association Luxembourgeoise de Criminologie Tom Oswald.

De Luxembourg City Film Festival geet haut un
Mir kucke mat eisem Filmexpert Michel Delage, wat sech dëst Joer vum Festival ze erwaarden ass.

Terres rares: Wat stécht dohannert?
D'Ukrain schéngt elo awer bereet ze sinn en Accord iwwer dës Stoffer mat den USA ze ënnerschreiwen. Mee firwat sinn "Terres rares" iwwerhaapt esou wichteg?
Dat bréngt den Dag
EU-Sommet, den EuGh befaasst sech mat der Brasserie nationale a Brasserie Heintz an eng Manifestatioun vu syreschen Asyldemandeuren

Afrikanesch Schwéngspescht
Nach gëtt et fir den Ament kee Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht hei am Land - mee d'Preventiounsmoossname goufen nom Fall an Däitschland verschäerft.

D'Buchbënner-Handwierk
E Gespréich mat der Danielle Köller-Willems, enger vun de wéinege Buchbënner:innen, déi et nach hei am Land ginn. iwwer d'Zukunft vun hirem Beruff.

Militärexpert Frank Sauer
Wat fir Auswierkungen huet d'Aussetze vun den amerikanesche Militärhëllefe fir d'Ukrain?

Jonk Politiker fir d'Demokratie
8 jonk Politiker vun DP, déi Gréng, CSV an LSAP hunn een Appell lancéiert, fir d’Demokratie ze stäerken.
Dat bréngt den Dag
Spezialkommissioun Caritas, e Business-Forum fir d'Ukrain an en EU-Aktiounsplang fir d'Automobilindustrie

Ongewëssheet am Vatikan
De Poopst François ass zanter iwwer zwou Wochen am Spidol mat enger schwéierer Longenentzündung.

Mir si Schibob-Weltmeeschter
D'Lëtzebuerger Delegatioun ass mat 5 Medaile vun der rezenter WM am Schibob zu Lenggries heem komm. E Gespréich mam Duebel-Weltmeeschter Eric Mathias

Syrer zu Lëtzebuerg
Wëlle si zeréck? Fir d’Syrier a Syrierinnen hei am Land huet sech zënter Ufank Dezember eppes geännert. Entretemps stellt ee fest, datt net alles esou roseg ass wéi am Ufank geduecht.

Neie Léierstull mam Numm Histoire et Migration
Gëschter (3.3.9 huet d'Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Gemeng Diddeleng an dem CDMH (dem Centre de Documentation sur les Migrations Humaines) en neie Léierstull ageféiert.

Frais d'inscription op der Uni.lu
D'UNEL kritiséiert, datt d’Aschreiwungsfraisen op der Uni.lu solle vu September u verduebelt ginn. De Rekter vun der Uni.lu mengt, datt d’Hausse d’Studenten net finanziell méi belaaschte géif.
