Wäiss, wollen Déier am Wäibierg? Jo, Dir gesitt richteg. Laanscht d’Musel ginn ëmmer méi Schof als natierlech Alternativ zu Maschinnen an Herbizid agesat. Op knapp 15 Hektar Wéngerten uechter d’Museldall grasen d’Déieren. Dat Ganzt ass Deel vun engem Fërderprogramm, deen de SIAS zesumme mat der Regierung ausgeschafft huet. Och an de Wéngerte vum Domaine Aly Duhr zu Ohn sinn eng 40 Schof am Asaz a këmmere sech ëm d’Onkraut.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Schof an de Wéngerten
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: picture alliance / imageBROKER | Ulrich Rosenschild)
Episoden

Luc Frieden zur Bundestagswal
D‘Victoire vun der CDU/CSU géif et méiglech maachen, eng funktiounsfäeg a stabil Regierung ze forméieren, esou de Lëtzebuerger Premier
Dat bréngt den Dag
Reaktiounen op d'Resultat vun der däitscher Bundestagswal an den 3. Joresdag vum Krich an der Ukrain

Verbal Attacke vum Donald Trump: Wéi reagéieren d'Ukrainer?
Mir froen eise Korrespondent Philipp Crowther, deen am Moment zu Kiew ass.

Domaine Tageblatt: Firwat maache Journaliste Wäin?
D'Journalisten an d'Journalistinne vum Tageblatt bedreiwen zënter e puer Méint en eegene Wéngert. Wat ass d'Zil vun deem Projet? Mir froen den Tageblatt-Chefredakter Chris Schleimer.

Walen an Däitschland: Wéi eng Koalitioune si méiglech?
Mir froen eise Korrespondent Matthias Kirsch.

3 Sproochen doheem schwätzen: Wéi gesäit do den Alldag aus?
D’Pebia Urban huet sech mat enger däitsch-polnescher Famill zu Beetebuerg zesummegesat a sech erziele gelooss, wéi hiren Alldag als méisproocheg Famill ausgesäit.

De Succès vun der AfD op Tiktok ass keen Zoufall
Mat enger ganzer Arméi un Accounts spullt d'AfD hir Inhalter op Tiktok. Dohannert stécht eng Strategie. An déi erkläert zum Deel, firwat d'AfD bei Jonken esou vill Succès huet.

Och onperfekt Geméis kann een iessen!
Et gëtt kee Grond, eng Wuerzel oder soss e Geméis net ze iessen, just well et ze kleng oder ze kromm ass. Där Iwwerzeegung ass d'Estelle Flammang vun der Kooperativ Onperfekt.

Europäesch Léisung fir de Fridden an der Ukrain?
De Premier Luc Frieden war zu Paräis fir eng Reunioun mam franséische President Emmanuel Macron.

Lëtzebuerger Filmer op der Berlinale
Direkt 5 Lëtzebuerger Koproduktioune sinn dëst Joer um Filmfestival zu Berlin mat dobäi. De Jeff Schinker huet se gesinn.

Wéi vu Bayern aus de Walkampf bestëmmt gëtt
Dat däitscht Bundesland Bayern strieft fir sech gär eng besonnesch Roll an Däitschland un. Eise Korrespondent Matthias Kirsch beliicht, wéi een Afloss dat an dëser Walcampagne hat.

Fënnef Joer nom rassisteschen Attentat zu Hanau
An engem Documentaire, deen den Owend op 3sat leeft, kommen d’Hannerbliwwen an d’Affer, déi iwwerlieft hunn, zu Wuert.

Vollekskrankheet Obésitéit
All 6. Erwuessenen zu Lëtzebuerg ass obèse. Medikamenter kënnen hëllefen, erkläert den Dr. Rudy Caillet, Médecin-nutritionniste am Centre Spécialisé de l’Obésité zu Stroossbuerg.

D'Mënscherechtskommissioun soll un d'Chamber rattachéiert ginn
Den entspriechende Gesetzesprojet gouf leschte Freideg an der Chamber virgestallt. D'Mënscherechtskommissioun weist sech zefridden - en éischte Schratt an déi richteg Richtung, mengt d'Presidentin Noémie Sadler.

Affär Tom Weidig: Déi gréng Co-Presidentin reagéiert
D'ADR wëllt net soen, wéi eng Sanktioune se no queerfeindlechen géint hiren Députéierten décidéiert huet. Déi gréng Co-Presidentin Stéphanie Empain reagéiert.

USA a Russland schwätzen iwwer d'Ukrain
Wat ass dovun ze halen? Froen un de President vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber Gusty Graas (DP)

Nei Petitioun vu Foodwatch géint de Séissstoff Aspartam
D’Verbraucherschutzorganisatioun Foodwatch huet zesumme mat enger franséischer Kriibs-Associatioun eng Petitioun an 11 europäesche Länner, dorënner och Lëtzebuerg, lancéiert.

Den Arbitrage am Lëtzebuerger Fussball
Vun Nowuess-Suerge bis bei de Video-Arbitrage: e Gespréich mam Alex Krüger, dem neie Chef vun den FLF- Schidsriichteren.
