AMIL, d'Association des Maîtres Imprimeurs du Luxembourg, gëtt et zënter wäit iwwer 100 Joer. Trotz hirer laanger Geschicht huet de Beruffsverband viru Kuerzem decidéiert sech ëmzebenennen. Aus der AMIL gëtt elo d'FLAG, d'Fédération Luxembourgeoise des Arts Graphiques. De Roland Dernoeden Direkter vun der Imprimerie Centrale a Vizepresident vun der FLAG, erkläert, firwat de Verband säin Numm geännert huet.
arrow_back_ios
Moiesstudio
D'Zukunft vun den Dréckereien
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Europawäit Campagne #BanLeadNow
"Verbitt Bläi elo": Natur&Ëmwelt setzt sech fir e Verbuet vu Bläi an, deen iwwer d’Juegd (Munitioun) an d’Fëscherei (Aangelgewiichter) an d’Natur geréit. D'Claudine Felten erkläert.
Virum Urteel an der Affaire Pelicot
De Lëtzebuerger Affekot Marc Theisen huet e puer Sëtzungen am Geriichtssall zu Avignon verfollegt. Am 100,7-Interview beschreift hie seng Andréck.
Anti-Mobbing-Cours zu Wolz an der Maison relais
D’Organisatioun Clever Kanner bitt Sensibiliséierungs-Course géint Mobbing a Schoulen a Maison-relaisen un.
Ouvertureszäiten am Handel: OGBL an LCGB entsat
D'Gewerkschafte schwätze vun enger "weiderer Attack op d'Salariéen an hir Famillen". Den LCGB-President Patrick Dury erkläert, firwat d'Roserei esou grouss ass.
Impressioune vun Damaskus
Eise Korrespondent Philip Crowther huet déi éischt Woch vun der neier syrescher Fräiheet am Land selwer erlieft. Wat si seng Andréck?
Wéi entsteet Bëtong?
D’Mëschung aus Zement, Waasser a Gestengskäre gëtt fir Plaffongen, Maueren oder och Piliere benotzt. Bei der Produktioun gëtt awer och vill CO2 ausgestouss.
De Fong Kierchbierg keeft VEFA-Wunnengen
Mat der Acquisitioun vun 120 Wunnenge suergt de Fong dofir, datt de Projet Kiem2050 an de Bau ka goen. Den Direkter Marc Widong erkläert.
Kee Schëff am Hafen
De CEO vu Luxport Gilles Braquet erkläert, wéi de Mäerterter Hafen - nom Schleisenongléck vu Müden - déi aktuell Zäit ouni Schëffaart op der Musel iwwerbréckt.
Kee Schëff am Hafen
De CEO vu Luxport Gilles Braquet erkläert, wéi de Mäerterter Hafen - nom Schleisenongléck vu Müden - déi aktuell Zäit ouni Schëffaart op der Musel iwwerbréckt.
Lëtzebuerger Lidderflupp
Haut (17.12.) ass den digitale Release vun enger neier Produktioun mat enger Rees duerch de Lëtzebuerger Lidderrepertoire. De Georges Urwald erkläert d'Konzept.
Bis de Mäerz keen normale Schëffsverkéier
Nodeems eng Muselschleis an Däitschland ausgefall ass, fäert de Schëffsverkéier fatal wirtschaftlech Konsequenzen.
En neit Segment um Lëtzebuerger Wunnengsmaart
Den Observatoire de l'Habitat huet de Marché vun de logements locatifs partagés ënner d'Lupp geholl. D'Constance Uyttebrouck vum LISER erkläert.
D'Aufgabe vum Assistenzhond
Ëmmer méi dacks ginn Assistenzhënn elo Deel vun der Ekipp a Wunnstrukture fir eeler Leit.
Stroumausfall an der Stad
Wouru louch et? Explikatioune vum Carlo Bartocci vum Netzbedreiwer CREOS
Ardennenoffensiv: Wéi suergt een dofir, datt och no 80 Joer net vergiess gëtt?
Mir schwätze mam Erny Kohn, dem President vum Veräin, deen de Musée iwwer d'Ardennenoffensiv zu Klierf bedreift.
Wat ass nach iwwereg vun der Piratepartei?
Mir froen ee vun den 3 neie Parteicoordinateuren, de Starsky Flor.
80 Joer Ardennenoffensiv
En Zäitzeien erënnert sech un eng vun de bluddegste Schluechten am Zweete Weltkrich
Celebration for free Syria
Syrier zu Lëtzebuerg feieren, datt de syreschen Diktator Bashar al-Assad gestierzt gouf.