arrow_back_ios
Moiesstudio
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
Biergerversammlung weinst Crassier vu Monnerech
De Crassier vu Monnerech soll bis 2028 ganz ofgedicht sinn. Domat soll d'Stabilitéit vum Crassier garantéiert ginn.
Dammebasket: Just nach 7 Ekippen an der 1. Liga
Wien déi leschte Weekender déi iewescht Klass vum Dammebasket suivéiert huet, deem wäert opgefall sinn, datt just nach 7 Ekippen am Championnat matspillen. Mee wouru läit dat?
"Le Temps du Trajet"
D'Jessica Lopes an de Charles Vinz thematiséieren an hirem neie Wierk déi schwiereg Realitéit, déi vill Salariéen am Land op hirem Wee op d'Aarbecht erliewen.
Eventtipp: Kopstal Jazz Session - Carte blanche to Maxime Bender
D'Kultur-ASBL Koplescht/Briddel organiséiert den Owend Kopstal Jazz Session mam Maxime Bender. Mir hu beim Organisateur Roger Hamen nogefrot.
Strait ëm AMMD-Konventioun: CNS a Sozialpartner warne viru Kënnegung
D’CNS an d’Gewerkschaften halen eng Kënnegung vun der Konventioun fir onverantwortlech a warnen, datt doduerch virun allem d’Patienten ënner Drock géife geroden.
Luxair vs. EU-Kommissioun
D'Lëtzebuerger Airline fillt sech benodeelegt bei der Attributioun vu Start- a Landerechter zu Mailand-Linate an huet d'EU-Kommissioun dowéinst op d'Geriicht geholl.
Vu Bamkuch a Schockela fir den Trounwiessel
D'Fournisseurs de la Cour hu sech - grad wéi vill aner Lëtzebuerger Betriber - eppes Spezielles afale gelooss.
Den Alex Donnersbach iwwer d'CSV-Positioun zum Avortement
Froen un den CSV-Generalsekretär no der Reunioun vum Nationalrot, ënner anerem iwwer d'Fro vum Avortement an der Verfassung
Ëmwelt: een duerchwuessene Rapport vun der europäescher Ëmweltagence
Der Ëmwelt an Europa geet et net gutt an dat wäert Konsequenzen hunn, esou de Rapport. Froen un de President vun der Ëmweltagence EEA, André Weidenhaupt
Jéinesch - Eng al Sprooch vu Lëtzebuerg, déi een ëmmer nees eremfënnt
D'Jéinescht dierft ville Leit e Begrëff als Sprooch vun de Lakerten sinn. Dobäi fënnt een dës Sprooch och ëmmer nees am lëtzebuergesche Sproochgebrauch erëm.
Musek op 360°
Um Glacis gouf fir den Trounwiessel eng gigantesch, ronn Bün opgebaut
Neie Grand-Duc, nei Euromënzen
De leschte Freideg huet d'Lëtzebuerger Zentralbank den Design vun den Cent- an Euromënze mam Portrait vum Grand-Duc Guillaume presentéiert.
AMMD mécht Drock
D'Doktesch-Associatioun wëllt hir Memberen den 8. Oktober op enger AGE iwwer eng Kënnegung vun de Konventioune mat der CNS ofstëmme loossen.
Lëtzebuerger Bünepräisser
Gëschter Owend goufen am Mierscher Theater d'Lëtzebuerger Bünepräisser iwwerreecht.
Lëtzebuerger Spréchwierder ënner der Lupp
Wat ass Äert Liblingsspréchwuert op Lëtzebuergesch? Mir maachen de Point iwwer Är Äntwerten op eis Fro vun der Woch an analyséieren der e puer dovunner.
No senger Verurteelung: wat geschitt mam Nicolas Sarkozy?
Dee fréiere franséische Staatschef ass zu fënnef Joer Haft verurteelt ginn - a schwätzt vun engem Skandal. Wéi geet et elo weider? Erklärunge vun eisem Korrespondent Max Tholl
E Schoulbuch voller Feeler
De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, erkläert, wat genee schifgaangen ass beim Drock vum Franséischbuch fir d'7ième générale, dat elo zeréckgezu gëtt.
Automatesch Sproocherkennung op Lëtzebuergesch
Mat Hëllef vun der Online-Software LuxASR kann ee lëtzebuergesch Audio- a Videodateien ganz einfach online transkribéiere loossen.