Chemnitz ass dëst Joer eng vun den zwou europäesche Kulturhaaptstied. Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Florence Thurmes ass do Direktesch vun de Konschtausstellungen.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Florence Thurmes zu Chemnitz
Lauschteren
play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt)
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Paule Rodesch
Episoden
Rout Léiwinne steigen op
Duerch en 3-1 am Kasachstan huet d'Fussball-Nationalekipp vun den Dammen den Opstig an d'Ligue B vun der Nations League gepackt. Den Nationaltrainer Dan Santos freet sech.
Kritesch Avise vum Staatsrot
Wéi reagéiert den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz op d'Awänn vum Conseil d'Etat zu de Gesetzesprojeten iwwer d'Ouvertureszäiten an d'Sonndesaarbecht am Commerce?
Dat bréngt den Dag
Vott iwwer Ausschloss vu F. Kartheiser aus EKR-Fraktioun am Europaparlament, Gesetzesprojet iwwer d'Aféierung vu lokaler Police, US-Douanestaxen op Stol an Aluminium
Och Groussbrittanie gëtt elo vill méi Sue fir d'Defense aus
Ronn dräi Woche virum NATO-Sommet huet de brittesche Premier Keir Starmer gëschter seng Pläng fir d'Verdeedegungspolitik virgestallt. Eng Analys vun eiser Korrespondentin.
Wéi geheim sollen Archive sinn?
Mir froen d'Doris Woltz. Déi fréier Direktesch vum Geheimdéngscht ass Presidentin vum Conseil national des archives.
Pedophilie-Affär: wéi kann een d'Affer besser schützen?
Froen un de Procureur d’Etat adjoint David Lentz, Responsabel beim Parquet Lëtzebuerg fir den Departement Jugendschutz an Affaires familiales
Decisive Match an der Fussball-Nations League fir d'Dammen-Nationelekipp
A Kasachstan spillt d'Dammen-Nationalekipp am Fussball den Owend spéit e Match, dee si vun der C- an d'B-Liga kéint klamme loossen
Sans-abrien och am Summer geziilt hëllefen
D’ASBL Solidaritéit mat den Heescherte fuerdert e Plan Canicule fir Persounen, déi op der Strooss liewen.
Gemengerot Dippech
LSAP-DP-Koalitioun zu Dippech: Si wackelt, awer si steet nach.
CSV: Wéi geet et zu Hesper weider?
De Guy Wester, Schäffen a President vun der Hesper CSV-Sektioun, erkläert, wat no der Demissioun vum Buergermeeschter Marc Lies geschitt.
Dat bréngt den Dag
Eng Pressekonferenz vun der CGFP, eng archeologesch Krypta an eng Sichaktioun am Fall Maddie McCann
Manner Ressourcëverbrauch dank Kreeslafwirtschaft
Eng Pist a Richtung manner Ressourcëverbrauch ass déi sougenannte Kreeslafwirtschaft. Déi huet sech och déi Lëtzebuerger Regierung op de Fändel geschriwwen. Mee wat bedeit d'Kreeslafwirtschaft iwwerhaapt?
Defizit bei der Gesondheetskeess
Firwat geet ee vun engem Defizit bei der CNS fir déi nächst Joer aus? Dat a méi froe mir de President vun der CNS, de Christian Oberlé.
Sam Tanson: Kee grondsätzleche Changementer vun der Zilsetzung
Déi fréier Justizministerin an aktuell gréng Deputéiert kommentéiert d'Regierungspläng zu Jugendstrofrecht a Jugendschutz.
Final Episod vum Caritas-Podcast werft nei Luucht op d'Affär
D'Caritas war virum Milliounebedruch reegelméisseg am Viséier vu Frauden, ass schonn zweemol virdrun drop eragefall, an dat gouf intern thematiséiert, esou 100,7-Recherchen.
Spiller vun de klenge Länner sinn ofgeschloss
De COSL-President Michel Knepper ass vun Andorra zeréck an zitt de Bilan.
Brixembourg: 6. Editioun vun der Lego-Ausstellung zu Jonglënster
Dëse Samschdeg a Sonndeg (31.05. an 01.06.) ass zu Jonglënster déi 6. Editioun vun der Lego-Ausstellung a -Bourse.
Ophale mat Fëmmen: Wat bréngen alternativ Methoden?
Muer um 31. Mee ass Internationalen Dag vun den Net-Fëmmerten. D'Weltgesondheetsorganisatioun huet den Dag 1987 an d'Liewe geruff, fir iwwer d'Gefor vum Tubakskonsum opzeklären.