arrow_back_ios
search
Episoden
Primme maachen E-Autoe finanziell interessant
... an trotzdeem wäert d'Zil vun 49 % Elektrogefierer am Joer 2030 net kënnen erreecht ginn. D'Denkfabrik IDEA huet sech mam Theema befaasst, den Ekonomist Frédéric Meys erkläert.
Net-Lëtzebuerger an der Kommunalpolitik
All 4. Gemengeconseiller zu Lëtzebuerg huet en auslänneschen Hannergrond, ass also am Ausland gebuer oder huet eng duebel Nationalitéit. Explikatioune vun der Jessica Lopes (Cefis)
Mannerjäreger am Prisong
Enn leschter Woch sinn direkt e puer Mineuren zu Schraasseg agesat ginn. Wéi reagéiert den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit?
De Restaurant Madame Witzeg - wat bedeit Inklusioun?
Zanter bal dräi Joer ginn am Restaurant zu Bieles Inklusioun a gudde Kascht kombinéiert.
Wéi hält een ee méi klenge Chrëschtmaart um Liewen?
De Stengeforter Chrëschtmaart gëtt et zanter méi wéi 20 Joer, och ouni grouss a blénkeg Attraktiounen. Wéi kritt een dat hin? Mir schwätze mat Vertrieder vun der Entente doriwwer.
Wichteg Ofstëmmung am Bundestag
Dat däitscht Parlament stëmmt haut iwwer de sougenannte Rentepak of. De Vott gëtt en Test fir d'Regierungskoalitioun. Explikatioune vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch
Israel dierf weider beim ESC dobäi sinn - wéi sinn d'Reaktiounen?
Op der Generalversammlung vun der EBU huet sech gëschter Owend eng Majoritéit fir déi nei ESC-Reegelen ausgeschwat. Domat gouf net méi iwwer en Auschloss vun Israel ofgestëmmt.
Budget 2026
Wat steet an den Avisen? D'Haaptmessagë vun Handels-, Handwierker a Salariatskammer no hirer Analys vum Budgetsprojet fir d'nächst Joer
Iwwer 9.000 Kanner hunn dem Kleesche geschriwwen
Dem Kleesche säi Sekretariat huet an de leschte Wochen d'Hänn voll ze di gehat. Iwwer 9.000 Bréiwer kruten de Kleeschen an den Houseker vu Lëtzebuerg aus geschéckt.
Wéi geféierlech ass de Bësch?
De Venant Krier, President vun der Associatioun Lëtzebuerger Privatbësch, reagéiert op eng Petitioun déi verlaangt, datt futtis Beem laanscht Bëschweeër mussen ewechgeholl ginn.
Lëtzebuerg brauch bis 2040 335.000 nei Talenter
Der Chambre de Commerce no bräicht de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché bannen deenen nächste 15 Joer 335.000 nei Rekrutementer a bezitt sech dobäi op Zuele vun der IGSS.
Projet Sportsmusée op Äis?
No engem Artikel op reporter.lu ass de Sportminister Georges Mischo ënner Drock, well hien de Projet net ausgeschriwwen hat. D'LSAP-Deputéiert Liz Braz verlaangt Konsequenzen.
Alphabetiséierung op Franséisch
E puer Extraiten aus de Rieden, déi gëschter am Kader vun der Debatt iwwer de Projet Alpha am Chamberplenum gehale goufen.
COP20: Wat hu Sträichinstrumenter mam Aarteschutz ze doen?
Wat kéint eng Verschäerfung vun den Handlungsreegelunge vum sougenannte Paubrasilia-Holz fir Museker:inne bedeiten?
Urteel géint RTL: Dem Jos Nickts säin Affekot reagéiert
Am 100,7-Interview reagéiert den Affekot vum fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft FSFL, de Me Jean-Paul Noesen, op den Arrêt vun der Cour de Cassation.
CNS refuséiert fréiere President als Fonctionnaire ze nominéieren
De Christian Oberlé war 7 Joer laang President vun der Gesondheetskeess a misst elo eigentlech als Fonctionnaire nominéiert ginn. Mee den CNS-Verwaltungsrot huet dat refuséiert.
Wéi kann de Projet ALPHA an de Grondschoulen ëmgesat ginn?
De Mëtteg gëtt an der Chamber iwwer de Projet Alpha ofgestëmmt. Den Direkter vum SCRIPT Luc Weis erkläert, wéi d'Reform duerno an de Grondschoule wäert ëmgesat ginn.
Gesetzespropos vun Intersex an Transgender Lëtzebuerg
Nach ëmmer géife Kanner mat Variatioune vun de Geschlechtsmerkmaler operéiert ginn, fir hir Geschlechtsdeeler unzepassen, kritiséiert Intersex an Transgender Lëtzebuerg.