Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt. Haut sinn och zwee Filmer dobäi, déi ee ganz geschwënn zu Lëtzebuerg ka gesinn: “Rose” vum Markus Schleinzer an “Nina Roza” vun der Geneviève Dulude-de Celles lafen an zwou Wochen och um LuxFilmfest. Dernieft beschwätz de Jeff Schinker "At the Sea" vum Kornel Mundruczo, "We’re All Strangers" vum Anthony Chen a "Meine Frau weint" vun der Angela Schanelec.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: La vie en rose
Lauschteren
play_arrow
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
René Char, Peter Handke - Gute Nachbarn
Iwwer d’Frëndschaft tëschent dem Peter Handke an dem René Char: Unhand vu Bréiwer, Notizen, Gedichter an Dokumenter dokumentéiert “Gute Nachbarn”, wéi dës Frëndschaft zustan koum.
De Glenn Gould a seng legendär Goldberg-Variatiounen
De Schrëftsteller Thomas Bernard huet se “Die Schallplatte der Schallplatten” genannt, a fir ganz vill Melomanen uechter d’Welt huet dës Plack zanter 70 Joer Kultstatus.
Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a gëtt eis eng Selektioun vu Kultur-rendez-vouse mat an de Weekend.
Poker Face
Mir begleeden hei d'Charlie Cale, dat d'Fäegkeet huet ze erkennen, wa Mënsche léien. Op der Flucht duerch d'USA léist si niewebäi Kriminalfäll.
Klassik am Hesper Park
Dëse Freideg, 11. Juli, spillt den Orchestre de Chambre du Luxembourg zesumme mam Mathis Grisò zu Hesper am Park, an dat ënner der Baguette vum Jonathan Kaell.
Avignon: Am Gespréich mam Jorge De Moura
Wéi vertount een en Text, deem säin Haapttheema d'Absurditéit vu mënschlecher Gewalt ass?
Nom Screaming Fields: De-Briefing an Tipps fir Interesséierter
De leschte Samschde war der Rockahl de Screaming Fields - ee Festival, mat deem de Rocklab nei Museker an d'Rockhal bréngt, fir hirer Kariär e bëssen op d'Spréng ze hëllefen.
"Perdre le Nord“ am Süden
Der Carine Krecké hir Installatioun an der Chapelle de la charité zu Arles
La nuit sera longue
An der BD vum Zerocalare ginn d'Schicksaler vun zwou Persoune gewisen, déi sech am Kampf géint de Faschismus asetzen.
Jonk Lëtzebuerger bei internationale Concoursen
Fir d'Maria Miteva, Enseignante fir Querflütt an der UGDA-Musekschoul, ass et wichteg Schüler:innen op international Concoursen ze schécken.
Avignon: Am Gespréich mam Luc Schiltz an der Sophie Langevin - 2/2
D'Metteuse en scène Sophie Langevin an de Schauspiller Luc Schiltz iwwer hir Adaptéierung vum Laurent Mauvignier sengem "Ce que j'appelle oubli"
Avignon: Am Gespréich mam Luc Schiltz an der Sophie Langevin - 1/2
D'Metteuse en scène Sophie Langevin an de Schauspiller Luc Schiltz iwwer hir Adaptéierung vum Laurent Mauvignier sengem "Ce que j'appelle oubli"
Mam "Mount Everest" op éischt Tournée
Den Orchestre Place de l'Europe gëtt säin éischte Concert ausserhalb vu Lëtzebuerg am Konzerthaus Berlin mat der 5. Sinfonie vum Schostakowitsch.
LUGA: Poesie an der Natur
D'Landschaft, de Gaart an d'Stad duerch de Brëll vun der Poesie betruechten ...
Backseller - Grousse Kino: "Pfau - Bin ich echt?" (Bernhard Wenger)
Déi éisträichesch Produktioun huet eis Filmkritiker begeeschtert.
E musikalesche 4-Gäng-Menü
E 4-Gäng-Menü genéissen a gläichzäiteg passend Live-Musek erliewen? Dat geet den 13. Juli an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen.
A wie verbessert Är Bicher?
En neie Lektoreverband zu Lëtzebuerg presentéiert sech.
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
Screaming Fields: Mäna, Yona a Blue-Ish
De Festival-slash-Concours ass muer, Samschdeg, 5.7. an der Rockhal vu 6 Auer un.