1. Nach virum Summer wëllt den Ëmweltminister ee Gesetzesprojet zur Reform vun der Juegd deponéieren. Basis wier den Accord, deen am Februar tëschent all de Konzernéierte vun der Juegd ënnerschriwwe gouf
2. D’Schafe vun engem neie Gesondheetsberuff, dem Technicien de soin, deen tëschent dem Aide Soignant an dem Infirmier géing leien, ass ee vun den Ziler vun der Santésministerin Martine Deprez
3. D‘USA hu gëschter domadder ugefaangen d‘Strooss vun Hormus ze blockéieren, deemno solle just Schëffer gestoppt ginn, déi als Zil en iraneschen Hafen hunn oder aus engem iraneschen Hafe kommen
4. An der Fussball Champions League sinn et den Owend d‘Retourmatcher vun de Véirelsfinallen, Liverpool muss géint de PSG en 0-2 ophuelen, Atlético Madrid spillt da géint Barcelona, hei haten d‘Madrileenen am Allermatch 2-0 gewonnen