100komma7.lu / Kultur

/ 70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.

Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer

De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.

Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, 
Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. 

Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.

Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App.

Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Seven Methods of Killing Kylie Jenner" | © Theatre du Centaure

"Seven Methods of Killing Kylie Jenner"

Nom Wedekind sengem "Frühlingserwachen" inzenéiert d'Anne Simon ee rosent, deels awer och humorvoll Stéck iwwer strukturelle Rassismus am Théâtre du Centaure.
headphones

13 min

play_arrow
Éischt Andréck vum Eurosonic

Éischt Andréck vum Eurosonic

De Marc Clement nom éischten Dag um Showcase Festival
headphones

12 min

play_arrow
Wat baussen a wat bannen | © Minett Unesco Biosphere / Paulo Lobo

Wat baussen a wat bannen

Dem Nicolas Bouvier säin eenzegt Gedichtband koum op Lëtzebuergesch eraus.
headphones

23 min

play_arrow
Wéi aus dem Bam vun der Erkenntnis "Der Baum der Er-kennt-nix" gouf

Wéi aus dem Bam vun der Erkenntnis "Der Baum der Er-kennt-nix" gouf

Fundamental Froe vu Gutt bis Béis à la Patricia Lippert
headphones

24 min

play_arrow
De Fuedem fannen: Am Gespréich mam Jean Portante

De Fuedem fannen: Am Gespréich mam Jean Portante

De Jean Portante iwwer d'Oper "Le siècle de Lucia", säi Gedichtband "La panthère parfumée" an 42 Joer Schreiwen
headphones

20 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

12 min

play_arrow
E Journalist géint de System | © Netflix

E Journalist géint de System

Kritik vum Netflix-Documentaire "Cover-up" iwwer de Seymour Hersh, amerikanesch Legend vum Investigativ-Journalismus.
headphones

17 min

play_arrow

Film vun der Woch: "Chronology of Water"

Mëssbrauch a Resilienz sinn d'Sujete vum Debutfilm vun der amerikanescher Actrice-Realisatrice Kristen Stewart.
headphones

14 min

play_arrow
Fernand M. Guelf - Charlotte auf dem Dorfe | © Privat

Fernand M. Guelf - Charlotte auf dem Dorfe

Och e Réckzuch op d'Land muss net onbedéngt Rou an Entspanung bréngen ...
headphones

6 min

play_arrow
De Max Feller an d'Museksmécher - Midlife Party Vol.1 | © Privat

De Max Feller an d'Museksmécher - Midlife Party Vol.1

Vum House DJ zur Lëtzebuerger L-Pop Ikon: de Max Feller huet seng Singelen zu engem Album gebündelt a mat dräi Musekerkolleegen ee Live op d'Bün gestallt.
headphones

11 min

play_arrow
"Déi éischt Welt kann näischt géint déi zweet"

"Déi éischt Welt kann näischt géint déi zweet"

Dem Jean-Louis Schlesser säi Krimi "Jeux d''ombres" (Phi) spillt wärend dem gëllenen Zäitalter vum Lëtzebuerger Bankgeheimnis.
headphones

9 min

play_arrow

Leverage

Eng Fernsee-Serie, an där mir eng Grupp Krimineller begleeden, déi sech awer elo fir déi gutt Saach asetzen.
headphones

6 min

play_arrow
Exotesch Instrumenter: Hangs and Handpans | © Bigstock

Exotesch Instrumenter: Hangs and Handpans

De belsche Publizist Jean-Bernard Rauzer hëllt eis mat op d'Sich no ongewéinlechen Instrumenter an deene Leit, déi se bauen a spillen.
headphones

26 min

play_arrow
D’Fro no der Konservéierung vum Patrimoine aus verschiddene Perspektiven

D’Fro no der Konservéierung vum Patrimoine aus verschiddene Perspektiven

Gutt 20 Wëssenschaftler:innen, Kreativer an Denker vu Lëtzebuerg gi keng Conclusioun, mee e pluralistescht Bild of.
headphones

14 min

play_arrow
Britesch Pantomime | © EPA/Miguel Menendez V.

Britesch Pantomime

Ënner Pantomime versteet een hei zu Land déi roueg Theaterform, déi dee franséische Kënschtler Marcel Marceau populär gemaach huet. Net esou an England ...
The James Brown Experience - Gespréich mam Guy Kelton Jones

The James Brown Experience - Gespréich mam Guy Kelton Jones

De Guy Kelton Jones ass net iergendeen James Brown Imitator: hien ass, quasi, Famill.
headphones

7 min

play_arrow
Wuessen engem Mënsch duerch eng Open-Air-Foto-Expo Flilleken? | © Pasha Rafiy

Wuessen engem Mënsch duerch eng Open-Air-Foto-Expo Flilleken?

De Pasha Rafiy op birdwatching duerch säin eegene Fotoarchiv
headphones

27 min

play_arrow
Réckbléck Literaturnobelpräis 2025 | © EPA/Claudio Bresciani SWEDEN OUT

Réckbléck Literaturnobelpräis 2025

Iwwer den ungaresche Schrëftsteller Laszlo Krasznahorkai schwätzt den Dr. Martin Schauss, dee sech a senger Dokteraarbecht intensiv mam Literaturnobelpräislaureat befaasst huet.
headphones

16 min

play_arrow

headphones

20 min

play_arrow

Hang and Handpans

Eng akustesch Rees mat exoteschen Instrumenter
headphones

27 min

play_arrow