100komma7.lu / Kultur

/ 70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.

Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer

De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.

Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, 
Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. 

Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.

Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App.

Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Politesch Präisser, apolitesch Zeremonien: de Palmarès vum LFF an d'Oscars

Politesch Präisser, apolitesch Zeremonien: de Palmarès vum LFF an d'Oscars

De Jeff Schinker war beim Paule Rodesch am Studio fir ee Bilan zum Palmarès vum LuxFilmFest ze zéien - an iwwert d'Oscars ze schwätzen.
headphones

12 min

play_arrow
Kee Feeler: 404 ass een neie Lëtzebuerger Museksfestival | © Radio 100,7

Kee Feeler: 404 ass een neie Lëtzebuerger Museksfestival

404 ass net just eng iergerlech Feelermeldung um world wide web, ma ab elo och ee fonkelneie Festival, deen dëse Freideg am Melu seng éischt Oplag feiert.
headphones

13 min

play_arrow
Music, an antidote to challenging times | © Martha Lomeli

Music, an antidote to challenging times

D'Martha Lomeli, Doktesch an der Sozialpsychologie, hat rezent am Gudde Wëllen en Talk iwwer d'Wichtegkeet vu Musek fir déi mental Gesondheet an de sozialen Zesummenhang.
headphones

20 min

play_arrow
Immersiv Welten aus Lëtzebuerg: den Immersive Pavilion vum LuxFilmFest

Immersiv Welten aus Lëtzebuerg: den Immersive Pavilion vum LuxFilmFest

Am Kader vum LuxFilmFestival war de Moris Garzaro sech d’lescht Woch eng Rei Projete vum Immersive Pavilion ukucken a stellt seng dräi Highlighte vir.
headphones

9 min

play_arrow
Gravity Falls

Gravity Falls

D'Animatiounsserie "Gravity Falls" erzielt d'Geschicht vun den Zwillingen Dipper a Mable.
headphones

7 min

play_arrow
Maeve Moayedi - Jazz an der Kierch

Maeve Moayedi - Jazz an der Kierch

D'Kierch bleift am Duerf, mee net ouni e Concert. A kee Concert an enger Kierch, ouni sech un d'Akustik unzepassen.
headphones

8 min

play_arrow
Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (4) | © Joel Alfonso Vargas

Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (4)

Den Documentaire "With Hasan in Gaza" an de Fiktiounsfilm "Mad Bills to Pay"
headphones

19 min

play_arrow
Out Of The Crowd 2026

Out Of The Crowd 2026

Den Out Of The Crowd gëtt all Joer vum Schalltot-Kollektiv an der Escher Kulturfabrik organiséiert. De Festival proposéiert Indie-Gréissten an Decouverten.
headphones

10 min

play_arrow
Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (3)

Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (3)

Déi zwee Fiktiounsfilmer "Blue Heron" an "The Rose of Nevada", an den Documentaire "Endless Cookie"
headphones

22 min

play_arrow
Mat engem Laachen an d'Humiliatioun: "Liebhaberinnen" vun der Koxi

Mat engem Laachen an d'Humiliatioun: "Liebhaberinnen" vun der Koxi

En Interview mat der Realisatrice Koxi an hirem Co-Zenarist Antonio de Luca
headphones

20 min

play_arrow
Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (2) | © Loco Films, Vladlena Sandu

Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (2)

De Fiktiounsfilm "Nina Roza", an déi zwee Documentairen "Memory" a "Mailin"
headphones

22 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
headphones

9 min

play_arrow
Film vun der Woch: "The Bride"

Film vun der Woch: "The Bride"

Der Maggy Gyllenhaal hiren Horror-Film kombinéiert eng Uklo vun der Gewalt géint Frae mat engem Hommage un den Hollywood-Kino.
headphones

12 min

play_arrow
Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (1) | © Lakin Ogunbanwo

Aus der Kompetitioun vum LuxFilmFest (1)

Déi zwee Fiktiounsfilmer "Human Resource" a "My Father's Shhadow", a vum Documentaire "My Father and Qaddafi".
headphones

20 min

play_arrow
Concert: Grandbrothers am Atelier | © Tonje Thilesen

Concert: Grandbrothers am Atelier

De Freideg den Owend hunn d’Grandbrothers hir Tournée zu Lëtzebuerg am Atelier ofgeschloss. De Jeff Schinker war op der Plaz.
headphones

6 min

play_arrow
Ee Pläidoyer fir de Journalimsus: "Big Mother" vun der Mélody Mourey

Ee Pläidoyer fir de Journalimsus: "Big Mother" vun der Mélody Mourey

Mat der Véronique Fauconnet hirer Inzenéierung kënnt eng weider Produktioun an den TNL, déi bal cinematographesch Ambitiounen huet a sech wéi eng gutt Tëleesproduktioun kuckt.
headphones

9 min

play_arrow
Zum Doud vum Antonio Lobo Antunes | © APA / AFP / Jose Manuel Ribeiro

Zum Doud vum Antonio Lobo Antunes

E Portrait vum portugisesche Schrëftsteller, deen am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass.
headphones

7 min

play_arrow
LuxFilmFest-Documentaire: "Seeds" vun der Brittany Shyne | © Walking Productions / INDOX

LuxFilmFest-Documentaire: "Seeds" vun der Brittany Shyne

Den Dokumentarfilm beliicht d'Landwirtschaft am Süde vun den USA, wou Besëtz, Aarbecht a Gediechtnes souwuel d'Iwwerliewe vun de Famille wéi och hir onsécher Zukunft prägen.
headphones

9 min

play_arrow
Ouverture vum LuxFilmFest | © Paradiso Films

Ouverture vum LuxFilmFest

Éischt Andréck vum LuxFilmFest mat Kriticke vu "Rose" a "Seeds", beschwat vum Valerija Berdi, Michel Delage a Jeff Schinker.
headphones

16 min

play_arrow
A Knight of the Seven Kingdoms

A Knight of the Seven Kingdoms

Eng Serie, déi an der Welt vum Fantasy-Epos "Game of Thrones" spillt. Mir begleeden hei den Heckeritter Sir Duncan the Tall a säi Knappen Egg.
headphones

6 min

play_arrow