100komma7.lu / Kultur

/ 70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.

Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer

De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.

Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, 
Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. 

Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.

Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App.

Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Floss vun der Leipziger Buchmesse ... | © www.imago-images.de

De Floss vun der Leipziger Buchmesse ...

... heescht dëst Joer Donau
headphones

9 min

play_arrow
Concert: La Dispute an der Rockhal | © Martin Lead

Concert: La Dispute an der Rockhal

Gëschter war déi amerikanesch Post-Hardcore Band an der Rockhal zu Gaascht. De Jeff Schinker an de Marc Clement deelen hir Andréck ...
headphones

14 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

10 min

play_arrow
Film vun der Woch: "Marty Supreme"

Film vun der Woch: "Marty Supreme"

Den Amerikaner Josh Safdie zeechent den nervöse Portrait vun engem ambitionéierte jonken Dëschtennisspiller.
headphones

11 min

play_arrow
Firwat een onbedéngt en Donneschdeg soll op den David Byrne Concert goen | © Yves Stephany / 100,7

Firwat een onbedéngt en Donneschdeg soll op den David Byrne Concert goen

Och, wann een d'Discographie vun den Talking Heads oder dem David Byrne net gutt kennt, lount et sech.
headphones

6 min

play_arrow
“Let’s go and have some Anschauung”: Ee subjektive Bilan vun der Berlinale (Deel 2)

“Let’s go and have some Anschauung”: Ee subjektive Bilan vun der Berlinale (Deel 2)

Am zweeten Deel vum Berlinale-Bilan lauschtere mir ënner anerem en Interview mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Anne Klein, déi eng kleng Roll am Wettbewerb-Film "Rose" huet.
headphones

13 min

play_arrow
“Let’s go and have some Anschauung”: Ee subjektive Bilan vun der Berlinale (Deel 1)

“Let’s go and have some Anschauung”: Ee subjektive Bilan vun der Berlinale (Deel 1)

Kino misst onpolitesch sinn, hat de Jurypresident Wim Wenders um Ufank vun der Berlinale gesot - an domat eng Poleemik ausgeléist, déi och hir Spueren am Palmarès hannerlooss huet.
headphones

8 min

play_arrow
Berlinale: Eppes ganz Besonnesches?

Berlinale: Eppes ganz Besonnesches?

Wat de Jeff Schinker méi Kompetitiounsfilmer gesäit, wat et him méi schwéier fält, de Favorit vun der 2026er Berlinale ze determinéieren.
headphones

13 min

play_arrow
The Chair Company

The Chair Company

"The Chair Company" ass eng Serie, déi vum Zach Kanin an Tim Robinson geschriwwe gouf.
headphones

8 min

play_arrow
40 Joer Saatchi Gallery | © Claire Barthelemy

40 Joer Saatchi Gallery

D‘Saatchi Gallery zu London huet mat hire kontroversen Ausstellunge jonk brittesch Kënschtler:innen an den 90er Joren zu Weltstare gemaach.
headphones

6 min

play_arrow
Berlinale: Vu Mécken, Rassisten, demente Fraen an drogéierte Männer

Berlinale: Vu Mécken, Rassisten, demente Fraen an drogéierte Männer

Nei Highlighten am Concours vun der Berlinale
headphones

15 min

play_arrow
Berlinale: La vie en rose | © Paradiso Films

Berlinale: La vie en rose

Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt.
headphones

15 min

play_arrow
Äddi Pol ...

Äddi Pol ...

De Lëtzebuerger Schrëftsteller Pol Greisch ass am Alter vu 95 gestuerwen.
headphones

16 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

7 min

play_arrow
Berlinale: All Bëbee ass anescht, all dysfunktional Famill d'nämmlecht

Berlinale: All Bëbee ass anescht, all dysfunktional Famill d'nämmlecht

De Jeff Schinker mat sengen Andréck vu Berlin
headphones

21 min

play_arrow
Firwat war den Nietzsche esou radikal?

Firwat war den Nietzsche esou radikal?

Am Roman "Mon ami, Nietzsche" erkläert de Claude Schmit dem Philosoph säi Wierk duerch eng ënnerdréckte Sexualitéit.
headphones

11 min

play_arrow
Film vun der Woch: "No Other Choice"

Film vun der Woch: "No Other Choice"

Päsch-schwaarz Satir vum Koreaner Park Chan-wook iwwer de Kampf um Aarbechtsmaart am Zäitalter vun der KI
headphones

14 min

play_arrow
Wann Demokratië stierwen ...

Wann Demokratië stierwen ...

De Jeff Schinker iwwer déi éischt Filmer aus dem Berlinale-Wettbewerb
headphones

23 min

play_arrow
Berlinale: Den Optakt | © EPA/CLEMENS BILAN

Berlinale: Den Optakt

Gëschter Owend, 12.2., huet d’Berlinale mat "No Good Men" vun der iranescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat ugefaangen.
headphones

11 min

play_arrow
Programmatioun vum Luxfilmfest virgestallt

Programmatioun vum Luxfilmfest virgestallt

D'Organisateuren hu gëschter Detailer iwwer déi 16. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival verëffentlecht.
headphones

22 min

play_arrow