arrow_back_ios

Een Zwee Jazz

search / Een Zwee Jazz

/ Larry Goldings, Peter Bernstein & Bill Stewart - Rhombus

Larry Goldings, Peter Bernstein & Bill Stewart - Rhombus

Lauschteren play_arrow
headphones

120 min

De Larry Goldings op der Hammond B3, Peter Bernstein op der Gittar a Bill Stewart op der Batterie spille scho méi wéi 35 Joer zesummen.

Hir nei Plack heescht "Rhombus" a gouf beim Label Smoke Sessions Records de 7. August released. Um Album fanne mer eng interessant Mëschung aus Jazzklassiker, Standards an och zwou Originalkompositioune vun de Bandmemberen. 

Playlist:

01.  Goldings/Bernstein/Stewart - Everything That Lives Laments

02. Goldings/Bernstein/Stewart - Hi-Fly

03. Goldings/Bernstein/Stewart  - Rhombus

04. Goldings/Bernstein/Stewart  - Mamma

05. Goldings/Bernstein/Stewart  - They Say It's Wonderful 

06. Goldings/Bernstein/Stewart  - Dissipation Blues 

07. Goldings/Bernstein/Stewart - Penelope

08. Goldings/Bernstein/Stewart  - In Walked Bud 

09. Roy Brooks & The Artistic Truth - The Last Prophet

10.Brad Mehldau - Between the Bars

Episoden

3 nei Releasen aus Lëtzebuerg

D'Chantal Kirsch stellt hire Projet MAYA vir, d'Maria Rojas an de Pit Romersa presentéieren hire Blue Sunday Trio an déi nei Single vun der Band Maya Likembe.
headphones

60 min

play_arrow

WDR Big Band conducted by Mike Holober feat. Chris Potter

De 5. Juli an der Kölner Philharmonie huet de Mike Holober d'WDR Big Band fir ee spezielle Concert geleet. Invité war nämlech keen anere wéi de Chris Potter, Tenor-Sax-Gigant.
headphones

184 min

play_arrow

E räife Klang tëschent Energie a Sensibilitéit

Am Interview: de Gitarrist a Komponist Gilles Grethen
headphones

184 min

play_arrow

Een Zwee Jazz

En Interview mam Danny Epstein, de neie Booker vum Centre Culturel Opderschmelz.
headphones

184 min

play_arrow

Am Gespréich: Mathieu Clement

Mat nëmmen 23 Joer huet de lëtzebuergesche Batteur, Komponist an Arrangeur scho säin drëtten Album als Leader erausbruecht: “Ruma“, den Nofollger vu “Coming Home“.
headphones

184 min

play_arrow

Nei Musek vun der Naïssam Jalal a Marshall Allen an e Klassiker vum Duke

Déi franséisch-syresch Flüttistin a Komponistin presentéiert mat “Souffles“ en neien Opus a stäerkt domat hir ëmmer méi grouss Bedeitung an der europäescher Jazzwelt.
headphones

60 min

play_arrow
Patricia Jochheim vum Centre Culturel Opderschmelz | © Michelle Barthel

Patricia Jochheim vum Centre Culturel Opderschmelz

Zanter enger Rei Joren, d’Haaptbookerin vum Festival Like a Jazz Machine. Si steet elo kuerz virun der Pensioun an dës Editioun vum Festival war hir lescht als Programmcheffin.
headphones

60 min

play_arrow

Maxime Bender - Infinity of Sound

Dem Maxime Bender säin néngte Solo-Album als Leader, opgeholl an der Philharmonie am Joer 2022: En artistesche Manifest
headphones

60 min

play_arrow

Interview mam Laurent Payfert

Dee franséische Kontrabassist ass zanter Joren e feste Pilier an der lokaler Musekszeen. Den 13. Juni kënnt eng éischt Single eraus, "Afrikanism".
headphones

60 min

play_arrow

E neien Album aus Norwegen an en Owend voller Legenden

Nei Musek vun der norwegescher Jazzkoryphee Bugge Wesseltoft an eng Jazz Pärel aus de 50er Joren
headphones

60 min

play_arrow

Interview mam Batteur Benoît Martiny

Am Interview ass de Lëtzebuerger Batteur a Komponist, deen 20 Joer vu senger Benoit Martiny Band mat der Release vum neien Album,“BMB-Live in Germany” feiert.
headphones

60 min

play_arrow

Red Gazelle Trio - Chet Baker "Re:Imagined" - Embraced

Dynameschen Jazzoutfit aus Dänemark - Sammlung vu Lidder, vun enger breeder Palett vun internationale Kënschtler nei opgeholl - Live-Album vu Mary Lou Williams a Cecil Taylor
headphones

60 min

play_arrow

2 Batteuren am Fokus ...

... mat neien Albumen: Den Olivier Chavet mat “Elements“ an de Billy Hart mat “Just“
headphones

59 min

play_arrow

Neien Album vum Jakob Bänsch an e Legacy Album mat Musek vum Kenny Wheeler

Mat sengem zweeten Album “All The Others“ bestätegt den däitsche Jazzpräis-Gewënner, Trompettist a Komponist Jakob Bänsch säi Status als ee vun de villverspriechendste Museker vun der jonker europäescher Jazzgeneratioun.
headphones

60 min

play_arrow

“Server Farm“ an “The Incredible Jazz Guitar of Wes Montgomery“

En neien Album vum Jon Irabagon an e revolutionären Album aus dem Joer 1960, deen nach haut als ee vun de wichtegste Wierker an der moderner Jazzgittar-Traditioun gëllt.
headphones

60 min

play_arrow

Nei Musek vum Trio Equilibrium an e Klassiker vum Stan Getz

En aussergewéinlechen Trio, dee Stëmm, Klarinett a Gittar zu enger intimer an immersiver Klangwelt verbënnt - D’Verëffentlechung vum Album “Jazz Samba“ vum Stan Getz a vum Charlie Byrd
headphones

60 min

play_arrow

Margaux Vranken an Alexi Tuomarila

Nei Albume vun 2 europäesche Pianisten a Pianistinnen
headphones

60 min

play_arrow

Zwee interessant Concerten

Live Concerten vu Reggie Washington, Iguana an e Portrait vum Batteur Kenny Clarke
headphones

60 min

play_arrow

“Christmas '64“ vum Jimmy Smith

De Jimmy Smith, deen onëmstriddene Meeschter vun der Hammond B-3-Uergel, huet 1964 mat “Christmas '64“ e festlechen Album erausbruecht, dee bis haut e Klassiker ass.
headphones

60 min

play_arrow

“Sax Fiction“ - RESET-Festival - “Little Big III“

Jazz News aus der Groussregioun an e Spotlight op “Big Little III“ vum Pianist Aaron Parks
headphones

184 min

play_arrow